Fir dës Ziler z'areechen, wëll d'Regierung d'Photovoltaik, mä virun allem och d'Wandenergie fërderen. Eng favorabel Situatioun fir grouss a kleng Operateuren. D'Zuel vu Wandmille wäert déi nächst Jore massiv klammen.
D'Firma SOLER produzéiert 75 Prozent vun der Wandenergie zu Lëtzebuerg. Soler wëll hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg an den nächste Jore quasi verduebelen. Bei déi aktuell 7 Standuerter sollen der 8 dobäikommen. 35 nei Wandmille si geplangt, anerer falen altersbedéngt ewech a ginn duerch méi performant Anlagen ersat. Donieft plangt d'Firma Oekostroum nach eng Handvoll Projeten.
Fir hir ambitiéis Ziler iwwerhaapt anhalen ze kënnen, fërdert d'Regierung d'Wandenergie finanziell. Konditiounen, déi privat Stroumproduzenten iwwerzeege sollen, fir a Wandparken z'investéieren.