
Lëtzebuergesch soll obligatoresch als Integratiounssprooch geléiert ginn: Dat huet op mannst eng Petitioun gefuerdert, déi mat iwwer 8.000 Ënnerschrëften de néidege Seuil erreecht hat, fir an der Chamber debattéiert ze ginn. E Mëttwoch de Moie war de Rendez-vous um Krautmaart.
Dem David Delvaux géif et Suerge maachen, datt de Prozentsaz vu Leit, déi Lëtzebuergesch als Haaptsprooch uginn hunn, an de leschten zéng Joer erof gaange wier. Franséisch géif hei am Land dominéieren, ma och Englesch géif ëmmer méi geschwat ginn. Dat géif fir vill Barrièren fir Leit suergen, déi net sou gutt Franséisch kéinten, wéi zu Beispill eeler Leit oder och déi däitsch Frontalieren, sou de Petitionär:
"An dann ass et méi einfach, eng gemeinsam obligatoresch Sprooch ze hunn, an dat wier dann déi vum Lëtzebuergeschen, well dat huet een och am Ausland. Also ech kenne kee Land, wou een anzwousch higeet, an da kann een do d'Sprooch vum Land net benotzen, well eng aner Sprooch majoritär méi present ass, wéi dat elo hei zu Lëtzebuerg de Fall ass. Ech soen ëmmer ganz kloer, et ass net fir d'Leit auszeschléissen, mir sollen d'Méissproochegkeet behalen, mee et kéint een awer Mesuren en place setzen, déi et méiglech maachen, iwwert e längeren Zäitraum dann och de Leit d'Méiglechkeet ze ginn, dat ze léieren."
D'Deputéierter haten dann direkt e puer Froen, virun allem wéi d'Obligatioun fir d'Sprooch ze léieren sollt ëmgesat ginn. Den David Delvaux huet direkt e puer Mol ënnerstrach, datt ee kee wéilt ausschléissen. Et misst ee kucken iwwer bezuelten Léierzäiten oder Owescoursen, d'Méiglechkeeten ze verbesseren. E puer Mol ass och ervirgehuewe ginn, datt de Fonctionnement vun eisem Gesondheetswiesen op auslännesch Mataarbechter ugewise wier, et wier do deemno net realistesch, datt jiddereen d'Zäit an d'Méiglechkeet hätt, d'Sprooch ze léieren.
Fir de Kulturminister Eric Thill wiere vill gutt Pisten aus der Diskussioun mat ze huelen. Allerdéngs kéim eng Obligatioun fir hien net a Fro:
"Dee Volet verflichtend, dat kënnt Dir Iech vläicht denken, do sinn ech kee ganz, ganz grousse Frënd dervun, dat ass aus diverse Grënn och net méiglech, eleng dat europäescht Recht mécht dat net méiglech a mir hu scho Gesetzer, Reegelen, déi dat festhalen, mir mussen eis awer déi Outile ginn, d'Leit ze motivéieren, dass se Lëtzebuergesch léieren, méi Coursen, an ech mengen dat hunn ech Iech och explizéiert."
D'Deputéierter aus der Petitiounskommissioun ware sech dann no engem Austausch am Huis clos eens, datt een de Punkt vun der Obligatioun net géif zréck behalen. Ma d'Presidentin Francine Closener huet eng Motioun proposéiert:
"Mir als Petitiounskommissioun géifen eng Motioun verfaassen, mat konkreete Punkten iwwer déi mer eis eens sinn, ob dat zum Beispill ëm d'Formateure geet, ob et ëm de Congé linguistique geet, ëm d'Mediateurs linguistiques och virun allem am Spidolssecteur, och Incentive vläicht schafen, fir Lëtzebuergesch ze léieren an anere Beräicher. Sou datt mer dat géife formuléieren an enger Motioun an dat hei diskutéieren an der Chamber."