
Bis um Freideg um 17 Auer hu 4.506 Leit d'Petitioun 2061 ënnerschriwwen, déi eng finanziell Ënnerstëtzung fir déi Elteren freet, deenen hir Kanner net an eng Maison-Relais ginn mee all Dag doheem oder vun anere Familljemembere mëttes eppes z'iesse kréien.
D'Petitioun kann nach 21 Deeg laang ënnerschriwwe ginn a war eng Reaktioun op d'Annonce vum Premier Xavier Bettel an der Ried zur Lag vun der Natioun, datt Maison-Relaisen solle gratis ginn an d'Kanner deenen hir Elteren e klengt bis e mëttelt Akommes hunn, d'Iessen bezuelt kréien, an der Grondschoul an am Lycée.