Réckruff - UpdatePestiziden an de Bagele vum Delhaize an Auchan

RTL Lëtzebuerg
D'Liewensmëttelkontroll huet matgedeelt, dass an de gefruere Bagelen an an deene mat Sesam vun der Mark Delhaize an Auchan Pestizide fonnt goufen.

Concernéiert sinn d'Päck vu 4 Mol 85 Gramm mat Sesam-Bagelen, wéi och déi gefruere Versioun vum Delhaize. Ma och an de 4er-Päck Sesam-Bagele vum Auchan goufen héich Réckstänn vu Pestizide fonnt, sougenannte Produits phytopharmaceutiques. Dës Substanz ka bei regulärer Consomatioun kriibserreegend sinn.

Loten Sesam-Bagelen am Delhaize:

Lot 0209 – DDM : 30/09/2020
Lot 0212 – DDM : 03/10/2020
Lot 0218 – DDM : 09/10/2020
Lot 0227 – DDM : 18/10/2020
Lot 0230 – DDM : 21/10/2020
Lot 0233 - DDM : 24/10/2020
Lot 0240 - DDM : 31/10/2020
Lot 0244 - DDM : 04/11/2020
Lot 0246 - DDM : 06/11/2020
Lot 0251 - DDM : 11/11/2020

Loten gefruere Bagelen am Delhaize:

Lot 0247 - DDM : 03/09/2021
Lot 0232 - DDM : 19/08/2021
Lot 0185 - DDM : 03/07/2021

E Freideg huet d'Liewensmëttelkontroll de Rappell nach emol aktualiséiert an e puer Loten fir d'Bagelen aus dem Auchan dobäi gesat:

Lot am Auchan:

Lot 0190 - DDM: 29/09/2020*
Lot 0202 - DDM: 08/10/2020*
Lot 0244 - DDM: 19/11/2020

PDF: Schreiwes vun der Liewensmëttelkontroll

Back to Top
CIM LOGO