
Géint 15.30 Auer haten e Méindeg Zeien de Mann gemellt, dee mat enger Waff ekipéiert haart gejaut huet an anscheinend duerchernee war. Hien ass dono an e Supermarché ragaangen, wou d'Clienten awer d'Rou behalen hunn. D'Beamten hunn de Mann am Geschäft ugetraff, wéi hien seng Pistoul viru sech gehalen huet. D'Police huet de Mann dunn opgefuerdert d'Pistoul falen ze loossen, wat hien och direkt gemaach huet a gouf immobiliséiert.
Wéi sech kuerz drop erausgestallt huet, war d'Waff selwer net echt, mä et war eng Spillsaach.
De Mann, dee wéi gesot zimmlech duerchernee war, koum fir eng Kontroll an d'Spidol, wou ënnert anerem konnt festgestallt ginn, dass hien alkoholiséiert war.