PolicePersoun mat Stéchverletzungen zu Esch bei der Place Norbert Metz fonnt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie géint 8 Auer gouf e jonke Mann zu Esch ugetraff, dee schro mat engem Messer blesséiert gi war. En huet mussen noutoperéiert ginn.
© RTL-Archiv

Wéi d'Police mellt, ass en Donneschdeg de Moien zu Esch kuerz virun 8 Auer e jonke Mann mat Stéchverletzungen op der Kräizung Place Norbert Metz rue Saint Antoine fonnt ginn. D'Affer war mat engem anere Mann unenee geroden, dee sech duerno fort gemaach huet.

Eng weider Persoun, déi an d'Ausernanersetzung agräifen wollt, ass liicht mam Messer blesséiert ginn.

Den Täter konnt bis well nach net ermëttelt ginn. D'Affer huet missen noutoperéiert ginn. De Parquet ass mat der Affär erfaasst.

Back to Top
CIM LOGO