
Déi eeler Fra ass bei dëser Aktioun op der Buedem gefall an e puer Blessuren dovu gedroen. Den Täter selwer hat eng schwaarz Kap an e schwaarze Polo un. Zeie solle sech bei der Police vun Déifferdeng ënnert dem (+352) 244 53 1000 mellen, respektiv iwwer Mail op police.differdange@police.etat.lu.
Zu Esch gouf en Donneschdeg de Mëtteg géint 15.10 Auer en eeleren Här an der Rue Boltgen iwwerfall, nodeems en op der Place de l’Hôtel um Bancomat Suen opgehuewen hat. Eng Zeien hat den Täter nach bis an d'Rue de l'Alzette verfollegt, do konnt de Mann sech awer dervu maachen.
Beim Täter soll et sech ëm e jonke Mann handelen, ongeféier 1m70 grouss. En hat eng schwaarz Joggingsbox un, grad ewéi eng gro-schwaarz Wanterjackett mat Kaputz.
Wien Informatiounen iwwert den Täter huet, soll sech w.e.g. bei der Police zu Esch mellen, dat um Telefon
(+352) 244 501000 oder via E-Mail op police.esch@police.etat.lu.