CGDIS a PolicePersoun am Gefier ageklemmt bei Accident zu Huelmes

RTL Lëtzebuerg
Da mellt de CGDIS nach e Feier zu Schëffleng an e Motorradsaccident bei Näidsen.

Am Lokale mellt de CGDIS e méi uergt Accident en Dënschdeg am fréien Owend zu Huelmes an der Schoeppelgaass. En Auto war hei verongléckt, wéi de Chauffeur an enger Lénkskéier d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet. Den Auto krut dunn eng Mauer ze packen an ass schliisslech an enger Baach gelant. De Chauffeur misst vun de Rettungsdéngschter aus dem Gefier erausgeschnidde ginn, de Bäifuerer konnt aus eegener Kraaft aus dem Auto klammen. Hie gouf just liicht blesséiert. D'Stréck war bis 19.30 Auer gespaart an de Chauffeur ass fir weider Behandlungen an d'Klinik gefouert ginn.

D’Secouriste vu Tënten, Miersch, Béiwen-un-der-Atert, Lëntgen a Mamer waren op der Plaz, wéi och de Stater Samusdokter.

Géint 19 Auer gouf et dunn e Kichebrand an engem Appartement an der Cité op Huddelen zu Schëffleng. D’Pompjeeën aus der ganzer Ëmgéigend waren op der Plaz. Et blouf beim Materialschued.

Da war nach e Motocyclist géint 22 Auer um CR343 tëscht Näidsen a Siwwenaler gefall. Hien huet an enger Rietskéier d'Kontroll iwwert seng Maschinne verluer, wéi een Déier iwwert d'Strooss gelaf ass. Hie gouf doropshi mat der Ambulanz an d'Klinik gefouert.

Zu Wellen op der anerer Säit vu Maacher ass nach een Automobilist vu 57 Joer déidlech verongléckt. De Chauffeur war mat héijer Vitesse vun der Strooss ofkomm a krut dunn d'Mauer vun engem Haus ze packen.

Géint 01.55 Auer gouf een angeblech alkoholiséierte Chauffeur zu Hamm gemellt. Eng Policepatrull huet de Mann kuerz drop an der Rue des Peupliers erëm fonnt, wéi hien hannert sengem Steierrad geschlof huet. Den Alkoholtest war positiv. Wärend der Kontroll gouf de Chauffeur rosen, beleidegend a souguer handgräiflech vis-à-vis vun de Polizisten. Hie gouf doropshin an d'Ausniichterungszell bruecht. De Mann gouf protokolléiert an de Führerschäi gouf agezunn.

Och kuerz no 18 Auer gouf ee Chauffeur, deen anscheinend ze vill gedronk hat, an der Géigend vu Steesel gemellt. D'Police konnt den Auto kuerz drop zu Mëlleref erëmfannen. Den Alkoholtest war positiv, de Chauffeur gouf protokolléiert an de Permis agezunn.

Back to Top
CIM LOGO