D'Subventiounen, fir d'Energiepräisser erofzedrécken, sollen op iergendeng Aart a Weis d'nächst Joer verlängert ginn, esou de Premier Luc Frieden en Dënschdeg no enger Reunioun tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften. No Interviewen e Mëttwoch de Moie vum Patrick Dury hei op RTL an dem Nora Back um 100,7 sinn eis Divergenzen tëscht dem OGBL an LCGB opgefall, wat d'Subventioune fir de Sprit op der Pompel ugeet.
De Comité de suivi vun der Tripartite krut en Dënschdeg vum Energie-Kommissär mat op de Wee, datt Agrëff op d'Präisser vu fossillen Energien d'Ofhängegkeet stäerken an e Risk fir d'Versuergungssécherheet duerstellen. D'OGBL-Presidentin Nora Back sot bei de Kolleege vum 100,7: "Mir mussen e Kompromëss fannen, dee souwuel de Leit entgéintkënnt, d'Inflatioun ofbremst, wéi och déi ekologesch Situatioun, grad no dësem Summer, eescht hëlt." Den LCGB-President Patrick Dury, deen huet sech bei eis géint eng geziilten Approche ausgeschwat an, fir manner ofhängeg ze sinn, misst een a sengen Ae méi physesch Lager vu fossillen Energien um Lëtzebuerger Territoire hunn.
Ënnerschiddlech Aussoen also oder op d'mannst ënnerschiddlech Schwéierpunkten? D'OGBL-Presidentin Nora Back huet ons um Telefon no den Interviewe verséchert, et géing keen "Dissenz" tëscht de Gewerkschafte ginn: "Mir sinn eis all eens, et muss eppes passéieren, a mir sinn alleguerten nach net d'accord, wat genee muss passéieren." Si sot och, si wier mam Patrick Dury ganz averstan, datt Leit, déi op Sprit ugewise sinn, missten ënnert d'Äerm gegraff kréien. Béid Gewerkschaftspresidenten hunn no hiren Interviewe verséchert, datt d'Gewerkschaftsunioun zesummenhält an zesummen an déi nächst Reunioun den nächsten Donneschdeg geet.
Wat och fir eng méi geziilten Approche schwätzt, ass, datt ee mat de Géisskan och héich Akommes-Kategorië matsubventionéiert. Den LCGB-President sot, d'Tripartite wier keng "eierlegende Wollmilchsau". Wann Ajustementer néideg wieren, soll dat iwwert méi Steieren op héich Revenuë gemaach ginn.
Iwwerdeems misst d'Kafkraaft erhale bleiwen: "Dir schwätzt mat engem Gewerkschaftler, deem seng Virgänger an der Stolindustrie Lounkierzunge mat op de Wee bruecht hunn, ewéi et guer net méi anescht gaangen ass. Ech mengen, déi Fro stellt sech haut guer net, well wann een eng Kris wëll vermeiden, wann een u sech net wëll, dass déi Kris nach méi wäit geet, da muss een u sech kucken, dass d'Leit Kafkraaft hunn."
Besonnesch misst een un d'Frontalieren denken, déi d'Ekonomie um Lafen halen, huet de Patrick Dury nach betount. Wichteg fir béid Gewerkschaftler ass dann och, datt ee sech mat Regierung a Patronat iwwert eng Stäerkung vum Maintien dans l’emploi eens gëtt.
Den LCGB-President, genee ewéi d'OGBL-Presidentin sinn zouversiichtlech, datt een op der Reunioun nächsten Donneschdeg zu Resultater kéim. Vum Patrick Dury gouf een e Mëttwoch de Moie bei eis dann nach gewuer, datt e Méindeg schonn eng Reunioun vum Comité de Suivi fir de Logement ass.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.