Eng Medail mat zwou SäitenPatientevertriedung iwwert den elektronesche Patientendossier

Fanny Kinsch
Mariette Zenners
Zanter dem Ufank vum Joer ass den "Dossier de soins partagé" iwwert e Règlement grand-ducal a Kraaft getrueden.
Patientevertriedung iwwert eSanté
De gliesene Patient gëtt ëmmer méi Realitéit...

De gliesene Patient gëtt ëmmer méi Realitéit... Den elektronesche Patientendossier ass u sech näischt Schlechtes, et huet Virdeeler, wann Dokteren a Spideeler sou den Iwwerbléck vun enger Krankegeschicht hunn, keng Analysen duebel gemaach ginn oder Allergien doduerch bekannt sinn. Mä d'Leit solle sech gutt informéieren, et misst een oppassen, wat mat den Donnéeë geschitt, déi iwwert dee Wee gesammelt ginn. Där Meenung ass d'Patientevertriedung.

Et dierft net sinn, datt d'Gesondheetskeess zum Beispill Profiller erstellt an op Basis dovunner Spuermoossnamen ausschafft, seet de President vun der Patientevertriedung René Pizzaferri: "Ech froen de Computer: 'gëff mer Profillen eraus vun den Depensë vun engem Mënsch vu 60 Joer.' Alles, wat am Joer ausgi ginn, ass fir dee Profil. An dann hunn ech do eng Moyenne, an da kann ech den Doktere soen: 'hei pass op, du hues e Patient vu 60 Joer, du bass mat dengen Depensë fir de Patient iwwert der Limitt.' Da kritt en de Fanger gewisen. Et kann ee sech awer och virstellen, well dat a verschiddene Länner de Fall ass an Europa schonn, datt den Dokter eng Primm kritt, wann en ënnert der Moyenne ass. An dat Spillchen, dat gëtt den Assuré jo net gewuer."

De René Pizzaferri vun der Patientevertriedung

Zanter dem Ufank vum Joer ass den "Dossier de soins partagé" iwwert e Règlement grand-ducal a Kraaft getrueden, bis Enn dës Joers soll all Versécherten zu Lëtzebuerg en Dossier opgemaach kréien. Dat funktionéiert nom "Opt-out-Prinzip": Wann ee keen esou een Dossier wëll, muss een en deemno zoumaachen.

Resultater vu Bluttanalysen oder Sortie d'hôpital komme lo an enger éischter Phas zum Beispill automatesch an den Dossier. Et ass een och automatesch Organspender, wann een et net anescht ugëtt. Spéider soll et och méiglech ginn, säin Testament de vie am Dossier anzebréngen. Leit kënnen awer jiddwer Zäit uginn an änneren, wat se vun Donnéeë wëllen dran hunn a wat net.

D'AMMD wollt en Dënschdeg keng Stellung huelen zum Dossier de soins partagé, fir den Ament hätte réischt eng 100 Dokteren den néidegen Outil, quitt dass den Dokter och via Internet mam Patiente-Code an den Dossier erakënnt. D'Doktere schaffen hirersäits un enger Gesondheets-App, wuel och en Vue vum Tiers payant, déi an hiren Ae besser fir de Patient wier, sou dass den elektronesche Patientendossier de Moment mol nach méi Theorie wei Praxis ze si schéngt.

eSanté: Wat huet et mam elektronesche Patientendossier op sech?

Back to Top
CIM LOGO