Brutalen Iwwerfall an der StadPassant krut vu jonkem Mann seng Kette vum Hals gerappt

RTL Lëtzebuerg
An der Avenue de la Porte-Neuve koum et e Mëttwoch kuerz virun 18 Auer zu engem Iwwerfall.

Eng Persoun krut hir Kette geklaut a gouf dobäi liicht verwonnt. D'Police huet direkt no der Dot nom jonke Verdächtege gesicht, ma konnt dësen awer net untreffen.

Eng Plainte gouf gemaach an Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO