Invité vun der Redaktioun (20. Oktober) - Pascal PetersKriminalitéitstaux déi lescht 3 Joer “quasi d’selwecht bliwwen” an d'Tendenz “positiv”

François Aulner
En Dënschdeg de Moie war d'Police Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Pascal Peters
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Kriminalitéit pro Awunner wier déi lescht Joren “quasi d'selwecht bliwwen” an d'Tendenz “positiv”. Dat sot de Policedirekter Pascal Peters en Dënschdeg de Moien hei op RTL. Et kéint een elo net soen, datt et hei zu Lëtzebuerg méi schlëmm gëtt. Hannert de Sécherheetsproblemer, déi et ginn, wieren dacks méi déif sozial Problemer. Aus dem Interview huet een eraushéieren, datt d’Police eleng net alles kéint maachen, mee méi Moyene scho Friichte géingen droen.

Ugefaange mat méi Effectif. D'Police géing vun der aktueller Regierung extrem vill ënnerstëtzt ginn, woubäi d'Opstocke vum Personal scho vun der viregter Regierung ugefaange gi war, esou de Policedirekter. D'Tendenz wier an de Beräicher Abréch, Vols, Vols avec violence positiv, wat a sengen Aen drop zeréckzeféiere wier, “dass mer wierklech present sinn, mee och déi operationell Sektioune vum Service de police judiciaire, déi an zivil schaffen, déi do ganz aktiv sinn”.

An eenzele Kriminalitéitsfelder géing d'Zuel un Doten awer eropgoen, ewéi zum Beispill Gewaltdelikter. "Dat besuergt eis an dorop muss een natierlech reagéieren", esou de Pascal Peters.

Nationalitéit net relevant, Entente mat Justiz exzellent

De Pascal Peters huet en Dënschdeg de Moie widderholl, wat en e Méindeg op der Méchelsfeier sot, an zwar datt hannert Sécherheetsproblemer dacks “méi déif sozial Problemer” wieren an “da muss een och kucken, wat ass deen Effekt, deen ee wëll erreechen oder kann erreechen als Police. Muss een do vläicht nach aner Moyenen en place setzen, muss een eventuell legislativ Adaptatioune virhuelen, fir jo dann u sech e Resultat ze erreechen. Well soss, géif ech soen, maacht der just d' Plooschter op eng oppe Wonn”.

D'Nationalitéit vun Täter wier fir d'Aarbecht vun der Police iwwerdeems “net relevant”. D’ADR fuerdert zanter Joren, déi ze kennen. De Pascal Peters huet erkläert, datt d'Police Kriminalitéitspheonomener geographesch géing erofbriechen, fir Campagnen an Dispositiffen dorobber auszeriichten. “Wann ee wëll eng Kausalitéit tëscht Kriminalitéit an Nationalitéit hierstellen, muss een dat dee Moment am Fong analyséieren”, esou de Policedirekter. Aner Krittären ewéi sozioekonomesch Facteure missten op jidder Fall och an esou eng Analys afléissen.

D'Ausso, datt Täter dacks gepëtzt géinge ginn, mee den Dag drop nees fräi wieren, wier ze “pauschal”, esou de Pascal Peters weider. D'Aarbecht vun der Police wier, Täter z'identifizéieren an ze verhaften, an dat géing schonn an Zesummenaarbecht mat der Justiz geschéien. “D’Entente” mat de Parqueten an Untersuchungsriichter wier iwwregens “exzellent”. Trotzdeem géing d'geplangte Comparution accelerée a sengen Ae sécher hëllefen: “déi Delaie ginn einfach méi kuerz, tëscht deem, wou eppes festgestallt gëtt an eventuellem Resultat, wat jo vläicht méi e staarke präventiven Effekt och hätt”.

Bodycams, Tasers a Platzverweis renforcé

Wat nei Instrumenter vun der Police ugeet, déi schonn a Kraaft sinn, huet de Policedirekter e positive Bilan gezunn. Beim Platzverweis renforcé wier et schwéier ze moossen, well et dacks verbal Opfuerderunge sinn. Allerdéngs wieren et scho 15 Openthaltsverbueter ginn, wat d'Prozeduren, déi duerno missten nokommen, scho géing vereinfachen, mee och eng gutt Reaktioun op Troubles à l’ordre public wieren.

Den Asaz vu Bodycams kéint dann eng Erklärung si fir e Réckgang vun de Beleidegunge géint Beamten a Rebelliounen. D'Taseren, déi goufe bis elo just vun dediéierten Ekippe matgeholl, 2-3 Mol benotzt, mee scho 15 Mol gezéckt ginn, wat och schonn en ofschreckenden Effekt hätt.

Eppes wat de Policedirekter sech nach gewënscht huet, ass Plaz fir dat zousätzlecht Personal, dat agestallt gëtt. D'Hausse vum Effektif war virgezeechent an d'Projeten, fir d'Leit ënner Daach ze kréien, och, mee “et dauert extrem laang” bis aus dem Projet da wierklech en definitiivt Gebai gëtt. Antëscht wieren eng Rei administrativ Servicer vun der Police ausgelagert ginn, wat net ideal wier.

En Dënschdeg de Moie war d'Police Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO