Am EnseignementPartiell Quarantän fir Gewerkschafte grouss Iwwerraschung

Monica Camposeo
Déi partiell Quarantän, déi am Enseignement gëllt, wann nëmmen ee Schüler aus der Klass positiv op de Coronavirus getest gouf, suergt fir vill Kritik.
© AFP (Archiv)

Notamment aus de Reie vum Léierpersonal. Vun der CSV gouf zu dësem Thema eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt. D'Äntwert vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert léisst fir déi zoustänneg Gewerkschaften nach ëmmer Froen op.

Quarantän am Enseignement / Reportage Monica Camposeo

Déi partiell Quarantän wier virun allem eng grouss Iwwerraschung. Et wier zwar am Viraus vum Ministère annoncéiert ginn, dass bei engem eenzele positive Fall net déi ganz Klass mat den Enseignanten a Quarantän gesat gëtt. Ma vun enger partieller Quarantän wier awer ni Rieds gewiescht, esou d'Claudine Muller vum SPEBS-CGFP.

93 Enseignantë goufen zanter der Rentrée bis e Méindeg mat "Autorisation de sortie" a Quarantän gesat. Dat huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op déi dréngend Parlamentaresch Fro vun der CSV geäntwert. Esou Autorisatioune géifen et bis elo net fir aner Beruffer ginn, ass nach ze liesen. Ma virun allem dëse Punkt kritiséiert de Patrick Remakel vum Syndikat vun den Enseignanten aus dem Fondamental, dem SNE.

Déi partiell Quarantän kann och fir Schüler a Schülerinne gëllen, wa bei hinnen an der Klass een isoléierte Fall vu Covid-19 bekannt gëtt.

Da kënnen d'Kanner oder déi Jonk zwar nach an d'Schoul goen, fir de Rescht vun der Zäit musse si sech awer un d'Quarantän-Reegelen halen. Ma virun allem fir d'Personal aus der Grondschoul wier dës Prozedur awer schwéier ëmzesetzen, erkläert de Patrick Remakel vum SNE.

Et kéint ee verstoen, dass de Schoulsystem esou wäit et geet muss oprecht erhale bleiwen. Dat ass vu méi Gewerkschaften aus dem Enseignement ze héieren. Ma et géing awer bei der Kommunikatioun un Transparenz feelen, esou de Raoul Scholtes vun der Feduse.

Eng Demande fir eng Autorisation de Sortie kann och vun anere Beruffer bei der Direktioun vun der Santé gestallt ginn, ass an der Äntwert vun der Gesondheetsministesch ze liesen.

Bis ewell wier awer nach keng esou eng Demande aus anere Secteuren erakomm. D'Direktioun vun der Santé géing den Ament awer un esou enger Prozedur fir d'Fleegepersonal schaffen, natierlech ënner strenge sanitären Oploen.

Back to Top
CIM LOGO