Um drëtten Dag am Prozess ëm de Roberto Traversini wéinst Prise illégale d’interêts a Verontréiung vun ëffentleche Gelder huet de Parquet zwou Stonne laang säi Requisitoire gehalen. “Wann ëffentlechen a privaten Interessi an enger Funktioun matenee kollidéieren, dann ass eng Strofdot direkt ginn”, huet de Procureur am Ufank vu sengem Requisitoire erkläert.
Dobäi misst et net ëmmer ëm schlëmm Saache goen. An der Suite huet hien déi verschidde Faiten, déi dem fréieren Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini reprochéiert ginn, duerchgeholl a betount, wéi eng hien als besonnesch schlëmm klasséiert.
Dës dréinen an éischter Linn ëm Saachen, déi am Zesummenhang mat engem Haus zu Nidderkuer stinn, wat de Roberto Traversini geierft huet. An deem hat eng Koppel gelieft, déi fir den Ugeklote wéi zweet Eltere waren.
Scho kuerz virun hirem Doud hu sech Aarbechten ëm d’Haus geheeft, ugestouss vum deemolege Buergermeeschter Roberto Traversini. Zum Beispill ass d’Haus un d’Stroossennetz ugeschloss ginn. Just, dass heivir de Buergermeeschter eegestänneg en Devis ugefrot huet, dee méi spéit och ugeholl gouf, an domat géint d’Gesetz vun de Marchés publics verstouss huet.
“D’Aussoe vum Roberto Traversini weisen, hien huet d’Prozeduren net kannt oder sech net dofir interesséiert”, huet de Procureur ënnerstrach. Béides wier d’selwecht schlëmm. De Buergermeeschter wier hei mat ëffentleche Sue wéi mat sengen eegenen ëmgaangen, fir engem eng Faveur ze maachen an dobäi hätt hie säi Pouvoir als Buergermeeschter genotzt.
Net korrekt ofgelaf sinn dann an den Ae vum Procureur Verrechnunge fir Material vun Aarbechten, déi vun der Beschäftegungsinitiativ CIGL gemaach goufen. D’Mataarbechter hate beim Haus, wat de Roberto Traversini spéider sollt ierwen, Trottoirsplacke geluecht. Dës Placke goufen ënnert dem Comptabilitéitsposte Vëlosschoul vun der Gemeng verrechent.
D’Aarbecht selwer gouf ënnert dem Pretext, dass et sech ëm eng Formatioun fir de CIGL gehandelt hätt, net verrechent. Esou Aarbechte wieren awer an der Theorie ni gratis gewiescht a Formatioune bei Privatleit seelen.
“Manifestement ass hei e bëssi gemurkst ginn”, sot de Vertrieder vum Parquet da bei enger Wëllschwäin-Clôture, déi ëm den Terrain vum spéider geierften Haus zu Nidderkuer gezu gouf. D’Bestellung vum Material war hei vum Buergermeeschter ënnerschriwwe ginn an d’Käschte vun der Gemeng bezuelt. D’Rechnung fir d’Aarbechten duerch de CIGL goufe 15 Méint méi spéit vum Roberto Traversini iwwerholl, wou d’Affär-Gaardenhaischen opkomm ass.
Zum Vott am Gemengerot iwwert e Projet fir eng Ännerung am PAG virzehuelen, wou och d’Parzell vum Haus zu Nidderkuer dra war, sot de Procureur, dass de Roberto Traversini hei en Interêt dru gehat hätt, dass d’Gaardenzon an eng Wunnzon ëmklasséiert géing ginn. Ma dëst wier ee vun de manner graven Aspekter an der ganzer Affär. Leit mat ëffentleche Mandater sollten an Zukunft awer méi staark doriwwer nodenken, wou se mat ofstëmmen.
Als manner schlëmm huet hien och de Fait gesinn, dass de Stagiaire Pläng fir Privathaiser gezeechent huet. Dës Privathaiser sollten an der Zukunft fir sozial Projete genotzt ginn. “Ech versti komplett, dass do gutt Intentiounen dra waren, mee de Code pénal ass de Code pénal. Hien huet engem Stagiaire, dee mat ëffentleche Gelder bezuelt gëtt, gesot: Mol Pläng vun engem Gebai wat, mir gehéiert”, resuméiert de Procureur.
Generell hätt den Ugekloten exemplaresch geschafft a seng Mandater mat Dignitéit ausgefouert. Mee ze vill Pragmatismus géing zu Feeler féieren. “Wann ee Feeler mécht, kann ee soen: Et war e Feeler. Wann et just beim Gaardenhaische bliwwe wier, kéint ee soen, ass dat derwäert? Mee hei ass vill vill méi”, huet de Procureur ënnerstrach.
Ronderëm d’Haus zu Nidderkuer wiere bemol lauter Saache passéiert. “Ass dat e Risiko, wat een huet, wann een ze vill Kapen un huet?”, freet hien an de Raum. Hei géinge manifestement Verstéiss géint de Code Pénal virleien.
Um Enn huet hien eng Prisongsstrof vu véier Joer mat integralem Sursis an eng entspriechend Geldstrof gefrot. Doriwwer eraus sollen dem fréiere Politiker bestëmmte Rechter entzu ginn – ënner anerem soll hie fir fënnef Joer keen ëffentlecht Mandat méi däerfen unhuelen. Dofir gëtt him och bannent fënnef Joer dat passiivt Walrecht entzunn – hien dierf dann an där Zäit also net gewielt ginn.
Am Prozess ugeklot sinn dann nach d’Partnerin vum Roberto Traversini an e Gemengebeamten. Reprochéiert gëtt hinnen an eenzele klenge Punkte Co-Auteur vu verschiddenen Dote gewiescht ze sinn.
Fir de Gemengebeamte freet de Procureur awer e Fräisproch, fir dem Roberto Traversini seng Partnerin just eng Geldstrof.
De Prozess geet e Méindeg mat der Plaidoirie vum Affekot vum Roberto Traversini weider.
Liest dozou och hei: