Mord u Fra zu Dummeldeng"Ech war frou mat menger Fra a sinn nach ëmmer frou mat hir"

Diana Hoffmann
De Parquet freet eng liewenslaang Prisongsstrof géint e 66 Joer ale Mann vun Dummeldeng, deen am September 2023 seng Fra fir d’éischt mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen huet a se dono erwiergt huet.
© RTL-Archiv

“Ech war frou mat menger Fra a sinn nach ëmmer frou mat hir”, dat sot den Ugekloten en Dënschdeg virun de Riichterinne vun der 13. Chambre criminelle. De Mann hat seng Fra am September 2023 mat eegenen Hänn erwiergt.

Mord u Fra zu Dummeldeng
“Ech war frou mat menger Fra a sinn nach ëmmer frou mat hir”

Um Enn huet de Mann déi Emotioune gewisen, déi souwuel d’Psychiater, Psychologe wéi och Enquêteuren an hirem Austausch mat him net gesinn haten. Ëmmer nees huet hie seng Tréine mussen zréckhalen. Hien huet erzielt, wéi seng Fra him an der Vakanz no 40 Joer Bezéiung gesot huet, dass si en anere Mann kenne geleiert hätt. “Do sot si, dass si déi lescht 12 Joer d’Gefill gehat hätt, wéi wa mer an enger WG géinge liewen”, sot den Ugekloten. Dëst hätt si him virdrun ni ze verstoe ginn. Hie wier no dësem Geständnes schockéiert gewiescht. Seng Fra wier dono net méi de selwechte Mënsch gewiescht. Si hätt sech vun him distanzéiert. Wier kal an ofweisend gewiescht.

Eng Woch no dësem Geständnes ass seng Fra an der Nuecht op den 29. September 2023 no engem Iessen Heem komm. Ouni Grond huet hire Mann si dunn attackéiert. “Ech dréine mech ëm a schloen hir voll mat der Fauscht an d’Gesiicht... einfach esou...”, huet de Mann erkläert. Direkt dono huet hie si mat bloussen Hänn erwiergt. Wisou, dat kann hie bis haut net soen. Nach de selwechten Dag ass hien d’Läich bei Konsdref an de Bësch verstoppe gaangen an huet probéiert, d’Dot ze vertuschen, andeems hien zum Beispill Kleeder entsuergt huet. Een Dag méi spéit ass hie mat sengen zwee erwuessene Kanner eng Vermësstemeldung maache gaangen.

Wärend der Sëtzung en Dënschdeg huet Ugeklote vun haut 66 Joer awer ëmmer nees drop higewisen, dass hien d’Dot net am Viraus geplangt hätt. “Ech versti bis haut net, dass e Mënsch esou eppes ka maachen. Zumools ee wéi ech”, sot hien. Dat Ganzt wier wéi e Film ofgelaf. Aus den Enquêtë waren awer Saachen ervirgaangen, déi dës Aussoe vum Mann, dass d’Dot net sollt geplangt gewiescht sinn, an Zweiwel zéien. Bei der Befroung vun der Police hat hie gesot, dass hien den Dag virun der Dot am Bësch eng Plaz kucke war an och an de Baumaart Tuten, Händchen an eng Molercombinaison kafe war, fir de Fall, dass hie mol géing “eng Dommheet” maachen. Wärend der Sëtzung wollt den Ugekloten awer näischt méi dovunner wëssen. Och seng Affekotin Lynn Frank sot, dass de Fait, dass hien déi Saache kaaft hätt, net géing beweisen, dass hien d’Dot geplangt hätt.

D’Procureure huet an hirem Requisitoire drop higewisen, dass d’Psychologen an d’Psychiater an hire Rapporten duergeluecht hätten, dass de Mann keng gréisser Regrete fir seng Dot gewisen hätt an et him méi dorëm géing goen, dass hien et schlëmm géing fannen, elo eleng ze sinn. D’Experte konnten dann och net ausschléissen, dass den Ugekloten nach eng Kéier esou kéint handelen, wann hien nees an esou eng Situatioun géing kommen. De Parquet gesäit an der Dot keng Affekthandlung, mee e geplangt Virgoen. D’Procureure huet wéinst Mord eng liewenslaang Prisongsstrof gefrot.

© Domingos Oliveira

D’Affekotin vum Ugekloten, d’Lynn Frank, huet an hirer Plaidoirie dovu geschwat, dass hire Mandant éierlech Regreten hätt, fir dat, wat hie gemaach hätt. “Mäi Client war an enger emotionaler Détresse an huet nach ni esou eng Stresssituatioun a sengem Liewe gehat”, huet d’Affekotin erkläert. Den Ugeklote wier op seng Fra fixéiert gewiescht an hätt säi ganzt Liewen ëm si opgebaut. De Gedanken, wéi et soll weidergoen, wier fir hien net z’erdroe gewiescht. Si freet, dass Ciconstances atténuantes zréckbehale ginn an, dass d’Geriicht soll ënnert der gefuerderter Strof vum Parquet bleiwen. Den Ugekloten hätt alles gestanen a mat der Police kooperéiert. Dofir freet si doriwwer eraus, dass soll e large Sursis respektiv Sursis probatoire applizéiert ginn. Den Awand vun der Procureure war awer zu deem Punkt, dass den Ugekloten eréischt gestanen hätt, wéi hie gemierkt huet, dass hien net wäert mat senger Geschicht duerchkommen.

D’Urteel gëtt de 25. Februar gesprach.

Prozess ëm Mord u Fra zu Dummeledeng / Reportage Diana Hoffmann


Back to Top
CIM LOGO