
Enn September 2023 war eng Fra vun 58 Joer als vermësst gemellt ginn. Relativ séier war de Mann vun der Fra an d’Viséier vun den Enquêteure vun der Police komm. Dësen hat fënnef Deeg méi spéit e Geständnes ofgeluecht.
D’Dot hat sech den 29. September 2023, an der Nuecht vum Donneschdeg op e Freideg, ofgespillt. Nodeems d’Fra vum Ugekloten ugedronk, kuerz no Mëtternuecht, vun enger Soirée Heem komm war, gouf si vun hirem Mann attackéiert. “Ech hu si mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen an hir d’Nues gebrach”, hat den Ugeklote wärend der Enquête vun der Police ausgesot. Dëst wier e Reflex gewiescht. D’Fra hätt, nodeems hien zougeschloen hat, ëmmer nach do gestanen. Hien hätt si du mam Hals geholl an zougedréckt, bis si net méi geotemt hätt.
Dono huet hien der Läich eng sougenannte “Molerkombi” ugedoen a si a Plastikstute gepaakt, déi hie mat Tape fixéiert huet. Nodeems hien d’Bluttspueren ewechgemaach hat, huet hien de Kierper an den Auto gelueden an, an e Bësch beim Scheedgen gefouert, wou hien dësen e véier bis fënnef Meter héijen Hiwwel erofrutsche gelooss huet.
Aus dem Rapport vun den Enquêteure vun der Police judiciaire geet ervir, dass d’Dot méiglecherweis geplangt war. De Beschëllegte war schonn den Dag virum Akt Plaze gekuckt gaangen, wou hien d’Läich kéint entsuergen a war Material an de Baumaart kafen. Nom Mord war den Ugekloten dann nach eng Kéier zréck op d’Plaz, wou hien d’Läich entsuergt hat, fir se mat Äscht ze bedecken, an huet um Réckwee den Handy vum Affer an engem Weier zu Konsdref entsuergt. Fir de Rescht hätt den Ugeklote säi Liewen dunn einfach weider gelieft. Hien ass ënner anerem an d’Sauna an an de Fitness gaangen. Samschdes ass den Ugekloten dunn zesumme mat sengen zwee Kanner eng Vermësstemeldung bei d’Police maache gaangen. Eréischt dënschdes, den 3. Oktober huet hien d’Dot gestanen.
Als Motiv, dat kéint zu der Dot gefouert hunn, gëllt e Gespréich, dat d’Koppel just Deeg virum Mord an der Vakanz hat. Do huet d’Fra hirem Mann gestanen, e Liibhaber ze hunn a sech wëlle scheeden ze loossen. De Brudder vum Ugeklote sot, dass den Ugeklote sech kee Liewen ouni seng Fra hätt kënne virstellen.
Bis zum Ament vun der Dot wier de Beschëllegten awer ni aggressiv vis-à-vis vu senger Fra gewiescht an et hätt och keng gréisser Streidereien an der Koppel ginn, déi 31 Joer laang bestuet war. Wärend der Enquête hätt de Mann awer scho vu senger Fra am Passé geschwat, wéi wa si dout wier an ni méi erëm kéim. Bis haut sëtzt den 66 Joer ale Mann vun Dummeldeng an Untersuchungshaft.
De Prozess geet en Donneschdeg de Mëtteg weider.