Virsiichtsmoossnam vun der PoliceEn Donneschdegowend war et den Appell, d'Autoe vum Parking Däich ze réckele wéinst Héichwaasserrisiko

RTL Lëtzebuerg
Duerch de ville Reen, waren d'Peegele vun de Flëss uechter d'Land nawell geklommen, esou och zu Ettelbréck.
Dëst ass eng Archivfoto.
© Domingos Oliveira / RTL Archivbild

Et war en Donneschdeg den Owend um 22.04 Auer den dréngenden Appell un all d’Leit, déi hire Won um Parking Däich zu Ettelbréck geparkt hunn, dësen direkt ze réckelen. Wéinst dem Risk vun Héichwaasser gouf de Parking gespaart.

D’Initiativ fir dës Meldung ass iwwerdeems vun der Police ausgaangen, nodeems eng Policepatrull en Donneschdeg den Owend op der Plaz gesinn huet, dass de Waasserpeegel héich war an nach eng ganz Partie Autoen do stoungen, dat obwuel béid Luuchten vum Parking op rout stoungen. Dat huet de Presseservice vun der Police eis op Nofro matgedeelt. Et hätt ee preventiv wollte warnen.

Vun der Gemeng Ettelbréck war et iwwerdeems e Freideg de Moien d’Informatioun, dass deen Ament vun der Warnung vun der Police d’Peegele schonn um Fale waren, an et vu Säite vun der Gemeng keng Warnung ginn hätt. D’Luuchte vum Parking sinn um 22.10 Auer vun zwou op eng Luucht geschalt ginn. Dat géif automatesch geschéien, onofhängeg vum Peegel vun der Uelzecht. Heizou erkläert de Service Technique vun der Ettelbrécker Gemeng:

  • 1 Luucht un: vigilance (risque d‘inondation)
  • 2 Luuchten un: parking fermé

Back to Top
CIM LOGO