
De Mënsch schaaft déi perfekt Konditiounen, fir datt Erreeger vu Krankheete vum Déier op de Mënsch iwwergräifen an déi rezent Pandemië sinn, genee wéi d'Klima- an d'Biodiversitéitskris, eng direkt Suite vun den Aktivitéite vum Mënsch, dat seet de Professer Dr. Josef Settele.
Enn Abrëll hat hien dat, zesumme mat 3 anere Wëssenschaftler an engem Gaaschtbeitrag fir de Weltbiodiversitéitsrot explizéiert an e Méindeg den Owend war hien Invité op enger Online-Konferenz déi de Mouvement écologique organiséiert hat. Et goung do ebe just ëm d'Fro, ob de "Verloscht vu Biodiversitéit (mat) Schold um Entstoe vu Pandemien ass?"
De Wëssenschaftler plädéiert ënnert anerem fir eng Reform vun der Landwirtschaft an explizéiert den Zesummenhang vun der aktueller Agrarpolitik an dem Afloss op aner Länner op der Welt, unhand vun engem Beispill aus der Déierenhaltung:
"Also Déierewirtschaft: Produktioun vu Ranner a Schwäin, wou mer d'Basis vun der Ernierung a Form vu Soja aus Südamerika kréien, wat do zu grousse Verloschter vum Reebësch féiert. Mir verkafen d'Fleesch dono weider un Asien an droen dozou bäi, datt de Reebësch do zerstéiert gëtt, kréie bei eis Problemer mat der Landwirtschaft a mat Réckstänn vu Stéckstoff. Dobäi gewanne mer am Prinzip fir all déi, déi bedeelegt sinn net vill, ausser bëllegt Fleesch fir eis an d'Leit an Asien."
Eng Léisung läit an den Ae vum Josef Settele an enger méi regionaler an nohalteger Landwirtschaft, déi op Qualitéit setzt. Eng aner Recommandatioun déi hien un d'Politik mécht, ass, fir nach méi am Energieberäich ze schaffen, notamment misste Wand- a Solarenergie nach méi ausgebaut ginn.
Den Handel mat wëllen Déieren elo wëllen ze verbidden, wéinst dem Ursprong vum Virus op engem Maart zu Wuhan, ass fir de Josef Settele net déi richteg Léisung. Den Handel misst vill méi éierbar reguléiert ginn. Anescht géif ee riskéieren, déi lokal Populatioun an aarme Géigenden ze strofen.
"Et gi vill Mäert, déi sinn essentiell, fir datt déi lokal Populatioun iwwerliewe kann. Et geet ëm eng ganz aner Zort vun Handel. Pangolinen zum Beispill, déi extrem rare sinn an awer op eemol an alle Géigenden opdauchen. D'Konscht besteet dodran, net alles an en Dëppen ze geheien. Kloer, mir géife soen, verbitt den Handel mat wëllen Déieren an alles ass erleedegt, mä esou einfach ass et net."
Iwweregens präziséiert de Josef Settele, datt méi wéi 70% vun all den neie Krankheeten, déi opdauchen a vun deenen de Mënsch betraff ass, komme vu wëllen oder domestikéieren Déieren a grad bei Mamendéieren a Waasservigel géifen et nach ëmmer 1,7 Millioune Viren, déi nach net identifizéiert sinn a mat deenen de Mënsch potentiell kann ugestach ginn. All eenzele vun deenen 1,7 Millioune Vire kéint eng nächst Krankheet ausléisen, déi nach méi geféierlech an déidlech kéint sinn, wéi de Covid-19.
