
Bei Panalpina hei zu Lëtzebuerg solle massiv Aarbechtsplazen ofgebaut ginn, dat mellt de Radio 100,7.
Enn der Woch kéint en entspriechende Sozialplang ënnerschriwwe ginn. Riets geet vun engem ganz massiven Ofbau vu Personal bei der Schwäizer Transport- a Logistikfirma. Aktuell schaffen am Grand-Duché eng 150 Leit fir Panalpina.