Israel-Palästina“Näischt maachen ass keng Optioun”, esou d'LSAP, déi Gréng an déi Lénk.

François Aulner
D'Situatioun a Palästina erfuerdert Aktioune vu Lëtzebuerg, esou d'LSAP, déi Gréng an déi Lénk e Méindeg op enger Pressekonferenz.
David Wagner (déi Lénk), Franz Fayot (LSAP) a Sam Tanson (déi Gréng)
David Wagner (déi Lénk), Franz Fayot (LSAP) a Sam Tanson (déi Gréng).
© François Aulner

D'Wafferou am Noen Oste géing just um Pabeier stoen. An der Realitéit géing et weider Krichsverbrieche géint d'Palästinenser ginn an eng ëmmer méi aggressiv Siidlungspolitik vun Israel.

En Donneschdeg ass en Debat an der Chamber iwwert d'Lëtzebuerger Politik géintiwwer Israel an déi dräi, eegenen Aussoen no progressiv Oppositiounsparteien, wäerte Gesetzespropositioune maachen, déi dat hei virgesinn:

  • e komplette Waffenembargo géint Israel
  • en Import- a Verkafsverbuet vu Produiten aus illegale Kolonien an de palästinenseschen Territoiren
  • d'Méiglechkeet, fir d'Finanzopsiicht CSSF, d'Emissioun vun israeelesche Scholde via Lëtzebuerg ze refuséieren
  • en nationale Kader fir autonom Sanktiounen

Natierlech huet Israel d’Recht, sech ze verdeedegen, esou d’Deputéiert Sam Tanson (déi Gréng), David Wagner (déi Lénk) a Franz Fayot (LSAP). Mee wat d'israeelesch Regierung an d'Arméi maachen, wier keng Defense méi an net an Aklang mam internationale Recht. D'Sam Tanson huet betount, datt wéinst der Politik vun der israeelescher Regierung all Dag nach e Kand a Gaza stierft.

Zick Zack

Déi dräi Deputéiert hunn der CSV-DP-Majoritéit en “Zick-Zack-Kurs” an eng “Kluft” tëscht de Parolen an den Aktioune virgeworf. Se hunn och Divergenze bannent der Regierung suggeréiert a gemengt, den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet wier net op der selwechter Linn ewéi d'Regierung.

Den Ausseminister Xavier Bettel hat bei eis gesot, datt den Impakt vu Sanktioune minimal an dowéinst Symbolpolitik wier. Dorop ugeschwat huet den David Wagner drun erënnert, datt den Ausseminister dat och zur Unerkennung vu Palästina als Staat sot, ier d’Regierung et dunn awer duerchgezunn huet. Dem Deputéierte vun déi Lénk no fäert d’Regierung einfach Konsequenzen an hien huet als Beispill op den Handelsbureau zu Tel Aviv higewisen, deen net zougemaach gëtt : “Engersäits ass et da Symbolpolitik, da maache mer et net, well et Symbolpolitik ass. A wann et net méi Symbolpolitik ass, da maache mer et och net, well et kéint awer d'Leit betreffen”.

Vun den USA kritt Israel onkonditionnel Hëllef a Waffen. Misst Lëtzebuerg dann och d'USA wéi Israel sanktionéieren? Den David Wagner sot direkt “jo”. De Franz Fayot sot ënnert der aktueller Trump-Regierung wier d'US-Politik effektiv inacceptabel. Hien huet se esou zesummegefaasst: “Wou se am Numm vum Maintien oder vun der Verdeedegung vun der westlecher wäisser Zivilisatioun dann den Europäer seet, dass se sech misste géint exzessiv Immigratioun wieren, dass se missten d'Meenungsfräiheet toleréieren, awer wa méiglech haaptsächlech vis-à-vis vun deene rietsextreme Parteien, déi vun den Amerikaner, der amerikanescher Trump-Regierung, ënnerstëtzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO