
Fir d‘Koalitioun Wunnrecht geet deen net wäit genuch a muss iwwerschafft ginn. D‘Objektiver vum neie Pacte Logement wäre gutt, mä d‘Mesuren an d‘Instrumenter, déi elo virgesi sinn, géife bei Wäitem net duergoen, fir déi z‘erreechen.
Et géif eng grouss Urgence an eng Wunnengskris ginn. D'Ambitiounen, fir méi bezuelbare Wunnraum ze schafen, wären awer nach méi niddreg wéi am éischte Pacte Logement.
D‘Koalitioun Wunnrecht freet konkret, e Kriseplang fir de Logement, wou op d'mannst 4.000 zousätzlech Wunnenge bis Enn d‘nächst Joer gebaut ginn, ouni déi, déi scho geplangt sinn.
D‘Koalitioun Wunnrecht ass eng Plattform vu verschiddenen Associatiounen, ënnert anerem d‘Asti, de CLAE oder den LCGB si mat derbäi.