“Et gëtt hei zwee Séien”, gëtt de Buergermeeschter vu Wäiswampech Néckel Polfer direkt Entwarnung. Am ënneschte Séi, an deem ee schonn zanter ville Joer schwammen a Pedalo fueren däerf, ass d’Waasserqualitéit nach an der Rei. Et ass deen ieweschte Séi, deen zou ass. Dobäi handelt et sech ëm de sougenannte Fëscher-Séi, andeems een zanter e puer Joer och schwammen däerf. Natierlech just dann, wann d’Waasserqualitéit gutt genuch ass.
Déi zwee Séien ënnerscheede sech duerch d’Planzen am Waasser, seet de Buergermeeschter. Deen ënneschte Séi géing sech deemno besser selwer botzen. Dëst soll och fir den ieweschte Séi de Fall ginn. Dofir wëllt d’Gemeng op natierlechem Wee op d’Waasserqualitéit awierken, nodeems se virun e puer Joer duerch Analysen erausfonnt huet, wat kéint gemaach ginn. “Bei den Zouleef vun de Baache soll Schilf geplanzt ginn, dee soll wéi eng Kläranlag wierken”, erkläert den Néckel Polfer. Domat kéinten Närstoffer, besonnesch Phosphater aus dem Waasser erausgefiltert ginn. Doriwwer eraus hofft een, dass d’Waasserplanzen am Séi sech erhuelen, an esou d’Waasserqualitéit sech verbessert.
Am Allgemenge kéint ee soen, dass sech Séien éischter ophëtze wéinst dem Waasser, dat steet, seet dann den Tom Bechet, Chef adjoint vum Departement Uewerflächewaasser bei der Waasserverwaltung. Ausserdeem wiere Séie méi e grousse Reservoir vun Närstoffer, déi kéinten iwwert de Reen an d’Waasser kommen. Dës Närstoffer kommen net just duerch den Dünger vun de Felder an d’Waasser, mee och duerch Waasser, wat duerch d’Kläranlage gaangen ass an net komplett gerengegt ass. Waarm Temperaturen a Sonn begënschtegen dann de Wuesstem vun de Bloalgen.
Fort kritt een d’Bloalge leider net sou einfach. Mat Beweegung vum Waasser kritt ee se awer Deels opgeléist. Domat ass de Problem awer net geléist. "Just well d’Bloalgen net méi dosinn, heescht dat net, dass d’Waasser dann eng gutt Qualitéit huet”, erkläert den Tom Bechet. D’Bloalge stousse Cytotoxine wärend hirem Wuesstem aus. Och wann een d’Bloalgen net méi gesäit, sinn d’Cytotoxine méiglecherweis nach am Waasser. An et sinn dës, déi Mënsch an Déier kënne geféierlech ginn.
Konsequenze vum Schwammen am Waasser, wou e gewësse Seuil vu Cytotoxinen iwwerschratt ass, sinn Hautirritatiounen oder Iwwelzegkeet, wann ee Waasser sollt an de Mond kréien. Dat selwecht gëllt, wann Déieren dëst drénken.
Wéi laang de Séi elo wäert zou sinn, kann een net viraussoen, well dëst ebe vu ville verschiddene Facteuren ofhänkt. All Woch gi Prouwe geholl.
Wéi den aktuelle Stand vun der Waasserqualitéit ass, kann op den Internet-Sitte cyanowatch.lu a www.waasser.lu suivéiert ginn.