
Vëlo, Trottinette oder Skateboard: Et war egal, esou laang et keen Auto war. D'Streck tëscht Mamer a Miersch gouf um Sonndeg fir den Trafic gespaart an esou konnt d'Mobilité douce vun den 18 Kilometer Strooss profitéieren. Dat alles am Kader vun "Alles op de Vëlo".
Op d'mannst 5.000 Participanten hat sech tëscht Mamer a Miersch Rendezvous ginn. Tëscht 10 Auer Moies an 20 Auer Owes war d'Streck tëscht den 2 Dierfer dann och fir den Verkéier gespaart. Et war e gréisstendeels flaache Parcours, also ideal fir Grouss a Kléng. An och vläicht d'Motivatioun, fir méi dacks op de Vëlo ze klammen.
Dëst Joer gouf de Vëlosdag ewell fir déi 24. Kéier organiséiert. D’Zil vun der Initiative ass, d’Leit méi fir de Vëlo ze begeeschteren, ma och gir op d'Gefore vun de Stroosse fir e Vëlosfuerer opmierksam ze maachen.
E Grond fir déi héich Participatioun war och de weider wuessenden Trend vum elektresche Vëlo zu Lëtzebuerg. Nach ni hätt een där esou vill op der Streck gesinn. Dës goufen och op Stänn sur Place presentéiert. Vill Froe goufe gestallt an eng ganz Rëtsch Vëloe goufen och ausgeléint.