Police am AsazOuni Permis ënnerwee, Kaméidismécher a Persoun illegal am Land

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg war d'Police op ville Plazen am Land gefuerdert.
© RTL-Archivbild

Géint 18.45 Auer e Samschdeg hat d'Police een Accident tëscht engem Auto an engem Motorrad zu Bieles gemellt kritt. De Motocycliste gouf dobäi blesséiert a koum an d'Spidol, d'Fra am Auto gouf net blesséiert. Bei den Ermëttlunge vun der Police koum eraus, datt de Motorradfuerer kee gültege Permis huet an e scho méi dacks wéinst Fueren ouni Führerschäin opgefall ass. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. Seng Maschinn gouf beschlagnaamt.

Géint 22 Auer gouf dann der Police gemellt, datt eng Persoun am Garer Quartier randaléiere géif. Bei der Kontroll gouf de Mann gebieden, fir sech auszeweisen. Hie konnt allerdéngs nëmmen eng Foto vun enger franséischer Asyldemande virweisen. Domadder huet sech de Mann illegal zu Lëtzebuerg opgehalen. Donieft huet sech erausgestallt, datt de Mann schonn am Mee dëst Joer eng „Interdiction d’entrer sur le territoire“ krut. Op Uerder vum Parquet gouf och dëse Mann festgeholl.

Da gouf d'Police an der Nuecht op e Sonndeg nach eng 40 Mol wéinst Kaméidismécher kontaktéiert an et gouf eng Partie Fäll vu Streidereien a Kläppereien.

RTL-Artikel (11.7.21): Alkohol um Steier: Mann rennt a Stroosseschëlder a fiert weider - Permis fort

Back to Top
CIM LOGO