5'200 Schüler an de SecondaireOrientatioun: Nees méi Schüler an de Classique

RTL Lëtzebuerg
An iwwer 99 Prozent vun de Fäll waren d'Elteren an d'Enseignante sech eens.

Vun de knapp 5'200 Schüler, déi dëst Joer vum Primaire an de Secondaire koumen, sinn 48% an de Secondaire général geschéckt. Mat 40 Prozent goufen nees méi Jonker an de Classique geschéckt. 12% kommen an de Préparatoire an 0,2% an ee Preparatiounszyklus.262 Schüler, also 5%, sinn op eng 7ième orientéiert ginn, obwuel se d'Primaireschoul nach net fäerdeg gemaach haten. Dat entweder well se schoulesch hannendra waren, oder wéinst hirem schoulesche Progrès, liest een am Schreiwes vum Educatiounsministère.

Nëmmen an 42 Fäll waren d'Elteren net mat der Decisioun vun den Enseignanten averstanen, dat heescht an iwwer 99 Prozent gouf et e Konsens. Nom Schouljoer 2014/2015 louch deen Taux nach bei 81,8%, nodeems e wärend e puer Joer erofgoung.

Wann d'Elteren an d'Enseignante sech net eens ginn, gesäit d'Orientatiounsprozedur vir, datt eng Orientatiounscommissioun d'Decisioun iwwerhëlt. Dat ass 32 mol geschitt - 30 mol kruten d'Enseignante Recht an zwee mol d'Elteren.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

 
 
 

Back to Top
CIM LOGO