Budget 2021 gestëmmtOppositioun kritiséiert Degradatioun vu parlamentarescher Debatt

Fanny Kinsch
De Budget 2021 an de Budget pluriannuel goufen en Donneschdeg de Moie mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien an der Chamber ugeholl.
Budget 2021 gestëmmt
De Budget 2021 an de Budget pluriannuel goufen en Donneschdeg de Moie mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteien an der Chamber ugeholl.

Donieft gouf iwwer am Ganze 16 Motiounen ofgestëmmt, déi am Kader vun de Budgetsdebatten agereecht goufen. Eng Motioun iwwert d'Nohaltegkeet vun der Wirtschaft vun der CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen gouf an d'Chamberkommissioun weidergeleet. Eng CSV-Motioun fir Stéit, déi kee gudden Accès op den ëffentlechen Transport hunn, weider ze kompenséieren, gouf vun de Majoritéitsparteien ofgeleent.

Eng Motioun fir d'Aféiere vun enger Finanz-Transaktiounssteier op OECD-Niveau vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser krut nëmmen d'Zoustëmmung vun der ADR an der CSV. Dat wier souwisou am Koalitiounsaccord virgesinn, esou de Finanzminister Pierre Gramegna.

Och d'Motioune vun der ADR, fir e Rentendësch anzeféieren, fir d'nächst Joer den Zentralstaat an den Equiliber ze bréngen, fir verschidde Mesuren am Logement, fir e Rapport iwwert d'Entwécklung vun der Kafkraaft a fir d'Indexéierung vum Kannergeld, krute keng Majoritéit. Wéi de President vun der Familljekommissioun Max Hahn präziséiert huet, steet dat lescht genannten Thema allerdéngs am neie Joer um Ordre du jour vun der Kommissioun.

Déi Lénk hunn an enger Motioun proposéiert, en Zerwiss an der Steierverwaltung ze schafen, deen den Impakt vu verschiddene Steiermesurë berechent, dat krut awer och keng Majoritéit. Och weider lénk Motiounen iwwert d'Besteierung vun Immobilië vun auslänneschen Investisseuren, fir d'Indexéierung vun der CO2-Steier a fir eng Opwäertung vun de Familljeleeschtunge goufen ofgeleent.

D'Piraten hunn eng Motioun erabruecht, déi e méi klore steierleche Kader fir den Teletravail gefrot huet. Dës gouf an d'Kommissioun verwisen. 2 weider Motioune vun de Pirate fir d'Verëffentlechen um Internetsite vun der Steierverwaltunge vu sämtleche Circulairen an d'Verëffentlechung vun den Avise vu sämtlechen Organer um Internetsite vum Budget goufen ugeholl.

Eng CSV-Motioun, déi d'Regierung opfuerdert huet, nach an dëser Chambersessioun - dat heescht virum Oktober 2021 - e Gesetzprojet iwwert d'Grondsteier ze deposéieren, krut och keng Majoritéit. De grénge Budgetsrapporter François Benoy sot, seng Partei wier d'Accord, datt d'Regierung séier misst e Projet ausschaffen, ma den Delai bis Oktober wier eventuell ze knapp.

Hefteg Kritik vun der Oppositioun

Hefteg Kritik gouf et vu Vertrieder vun der Oppositioun un de Majoritéitsparteien, déi de Gros vun de Motiounen onkommentéiert gelooss hunn.

Den CSV-Deputéierte Michel Wolter:

"Här President ech huelen an dësem Moment d'Wuert, fir op eng a mengen Ae weider Derive vun der parlamentarescher Aarbecht anzegoen. Nämlech déi, dass ech zanter enger Rei vu Wochen hei mierken, dass d'Majoritéit systematesch op d'Motioune vun der Oppositioun net méi äntwert. Dass mer an enger Situatioun sinn, wou mir de Moien hei eng Diskussioun hunn tëschent den Oppositiounsparteien an der Regierung. Ausser en Tëscheruff vum Här Di Bartolomeo, deen d'ailleurs sou war wéi e war, mee et war en Tëscheruff, ass a quasi kenger Motioun iergende Vertrieder vun de Majoritéitsparteien op d'Tribün komm, fir d'Positioun vu senger Partei z'explizéieren."

De lénken Deputéierten David Wagner:  

"Dat wat den Här Wolter virdru gesot huet. Et ass eis och opgefall, dass d'Majoritéit einfach net méi reagéiert. Ob se ugegraff gëtt, reagéiert se net. Et weess ee mol net méi, wat d'Majoritéit denkt. Et kann een egal wat soen, et ass einfach sou stoesch "OK". An ech mengen, wann d'Majoritéit net reagéiert op eng Motioun vun der Oppositioun, da kann dat nëmmen eng Saach soen. Si wëssen net wéi eng Argumentatioun se solle benotzen, fir dogéint ze sinn. Mir erliewen a leschter Zäit - dofir kënnt Dir net, Här President, Dir kënnt keen zwéngen ze schwätzen - mee et muss een einfach eng allgemeng Degradatioun vun de parlamentareschen Debatte feststellen an ech mengen, dat ass éischter du Fait vun der Majoritéit."

Extrait Michel Wolter an David Wagner

"Heiansdo geet et ëm politesch Froen an et fält op, wann eng Majoritéit systematesch net méi Stellung hëlt iwwer Saachen, bei deenen ee seet hei: souguer den deemolege Finanzdirekter vun der Steierverwaltung, dee seet mir hunn en décke Problem zu Lëtzebuerg, dat ass de Logement, jidderee wëll dee léisen, dir hutt hei Non-Residenten, déi iwwer auslännesch Firme fueren, déi hei Immobilien hunn, d'Plus-Valuë ginn net besteiert, d'Participatioune ginn net besteiert an et ass iech schäiss-egal. Maacht wéi der wëllt. Mee ech wéilt wéinstens wësse vun der Majoritéit, vum Minister selbstverständlech, hien äntwert wéinstens ëmmer. Mee vun der Majoritéit wéilt ech och heiansdo wëssen, wat se dovunner halen.", esou nach den David Wagner.

Den David Wagner (2)

Back to Top
CIM LOGO