"Ech hunn d'Gefill, de Pierre Gramegna huet d'Staatsfinanze schéi geriet". Dat sot d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen an enger éischter Reaktioun no der Presentatioun e Mëttwoch de Moien am Cercle.
D'Martine Hansen vun der CSV
Kuerz nodeem se Finanzminister Pierre Gramegna de Budgetsprojet 201 presentéiert huet, koumen direkt éischt kritesch Reaktiounen.
"
Mir hunn trotzdeem en Defizit vu 5 Milliarden. Ech denken, datt wa mer dëst Joer en Defizit hunn, dat normal ass. Mä wat eis stéiert ass, datt mer déi Jore virdrun definitiv keen Apel fir den Duscht op d'Säit geluecht hunn. Datt eis Staatsschold awer staark an d'Luucht geet bis 2024 32,9% vum PIB an de Pluriannuell weist keng Pisten op, wéi mer d'Enner beienee kréien."
Et géif u Planungssécherheet feelen an u Piste vun der Regierung fir déi nächst Joren huet d'Martine Hansen nach betount. Vun engem aussergewéinleche Budget huet de Finanzminister e Mëttwoch de Moie geschwat. Den Deputéierte vun déi Lénk, den David Wagner, hat allerdéngs éischter den Androck vum Géigendeel:
Den David Wagner vun Déi Lénk
Kuerz nodeem se Finanzminister Pierre Gramegna de Budgetsprojet 201 presentéiert huet, koumen direkt éischt kritesch Reaktiounen.
"Wann ee wierklech vun de Besoine vum Land ausgeet, kann een net soen, datt sech iergendeppes ännert. Virun allem wat d'Ekologie ugeet. Déi ganz Klimapolitik a sou weider, déi jo prioritär soll sinn, beschränkt sech op verschidde Steiererliichterungsmesuren. Et ass awer weltwäit bekannt, datt déi näischt bréngen. Lëtzebuerg geet awer weider op dee Wee. An do sinn ech staark enttäuscht, well ech duecht et wier e Budget, deen particulièrement klimafrëndlech wier an dat schéngt net de Fall ze sinn!"
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
"De Budget vum nächste Joer ass e Budget vun der Verantwortungslosegkeet". Dat sot den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an enger éischter Reaktioun:
De Fernand Kartheiser vun der ADR
Kuerz nodeem se Finanzminister Pierre Gramegna de Budgetsprojet 201 presentéiert huet, koumen direkt éischt kritesch Reaktiounen.
"
All Partei wëll offensichtlech einfach hir Partei duerchféieren ouni Consideratioun op déi generell schwéier Situatioun, an där mer sinn. Dat heescht, datt d'Scholde klammen, geet zu de Laaschte vun de Steierzueler an den nächste Generatiounen. Dofir soe mir, t'ass irresponsabel. Mir hu Beispiller: 1.000 Leit méi bei der Fonction publique nächst Joer, woubäi Remuneratioune beim Staat elo schonn den zweetgréisste Poste bei den Depensë sinn."
Ganz anescht war d'Reaktioun vum Marc Goergen vun de Piraten, dee betount huet, datt si guer net onzefridde wieren mam Budget, ofgesinn vun e puer eenzele Punkten:
"Et ass awer net fir ze soen, datt de ganze Budget net gutt wier. T'si kleng Punkten, wou mir eng aner politesch Vue drop hunn a wou mir aner Prioritéite géife leeën. Mä u sech ass de Budget, sou wéi en haut presentéiert gouf, e gudden Budget fir d'nächst Joer op deen een opbaue kann."Der CSV feelt et beim Budget u Planungssécherheet an u konkrete Piste vun der Regierung, wéi een d'Ënner wëll beienee kréien. Déi Lénk kritiséieren, datt een net vun engem klimafrëndleche Budget schwätze kann an et vill méi e Budget wéi déi Jore virdru wier, deen der aussergewéinlecher Situatioun, an där mer wieren, net gerecht géif ginn.
RTL NEWS: Budgetsprojet fir 2021 deposéiert