
Dat geet aus dem Rapport vun der CNPD vun zejoert ervir, deen en Dënschdeg virgestallt gouf. Den Haapt-Intressi vun der Press louch bei der Konferenz awer haaptsächlech un der Ëmsetzung vum neie Covid-Gesetz. Wéi konform mam Dateschutz ass et, wann e Betrib de CovidCheck aféiert?
D'Fro ass u sech: Wéi kann e Betrib de CovidCheck ëmsetzen, fir dass en och konform mam Dateschutz ass? D'CNPD kritiséiert awer, dass dat neit Gesetz net genee seet, wat de Patron fir d'Dateveraarbechtung soll virgesinn. De Patron misst deemno selwer festleeën, wéi laang d'Donnéeë gehale ginn.
Do kéint sech den Thierry Lallemang zum Beispill virstellen "dass dat bis zum Schluss vun der Pandemie ass, wann et am Gesetz net explizitt virginn ass. Well et sech jo awer ëm sensibel gesondheetlech Donnéeën handelt, wier et awer och wichteg festzeleeën, wien Zougang zu den Daten huet. Et stelle sech deemno vill Froen, fir d’Reegele vum Dateschutz anzehalen."
D'Responsabilitéit, fir déi Reegele festzeleeën, géing elo op d'Betriber ofgeluecht ginn. Esou en dateschutz-konforme Regime en place ze setzen, ass awer net esou einfach. D'Presidentin vun der CNPD, d'Tine Larsen, réit de Patronen, sech am Viraus ze iwwerleeën, wéi de CovidCheck kéint ëmgesat ginn.
"D’Dateschutzkommissioun bitt an deem Kader och Berodungen un."
D'CovidCheck-App, wier awer per se net géint d'Protektioun vun den Donnéeën, erkläert d'Presidentin vun der CNPD, d'Tine Larsen. D'Applikatioun wier dofir och ugepasst ginn.
"Soss war et jo ëmmer esou, dass eng Persoun, déi de CovidCheck-Certificat kontrolléiert huet, de Gebuertsdatum, de Vaccin an d’Unzuel vun den Dosisse gesinn huet. Elo gouf dat awer ugepasst, fir méi konform mam Dateschutz ze sinn, sou dass d’App just nach gréng oder rout gëtt, wann e Certificat gescannt gëtt."
Effektiv kënnt an der CovidCheck-App elo just nach den Numm vun der Persoun dohi stoen an dass de gescannte Certificat gülteg ass oder eben net.