"Investment Fraud"Opgepasst viru falsche Plattformen, déi wéi richteger ausgesinn

Raphaëlle Dickes
Een héije Rendement ouni Risiko, op de soziale Medie kritt een dat gäre versprach. Meeschtens ass et renge Bedruch. D'Leit verléiere vill Erspuertes.
"Investment Fraud" - Opgepasst viru falsche Plattformen
Een héije Rendement ouni Risiko, op de soziale Medie kritt een dat gäre versprach. Meeschtens ass et renge Bedruch. D'Leit verléiere vill Erspuertes.

Ëmmer nees falen och zu Lëtzebuerg Leit op déi sougenannt "Investment Fraud" eran. Den Affekot Max Mailliet war rezent mat enger Rei esou Fäll befaasst, bei deenen d'Affer grouss Zomme verluer hunn. Verschidde Clientë goufen ëm e puer dausend Euro gestrëppt oder méi. Ee krut esouguer eng hallef Millioun geklaut.

"Dat si richteg elle Montanten an d'Leit schumme sech dann och leider, fir iwwerhaapt eng Plainte ze maachen oder bei den Affekot ze goen, well se soen: 'Ech sinn eragefall.'"

Dem Max Mailliet senger Erfarung no sinn et dacks vulnerabel Persounen an enger schwéierer Liewensphas, déi de Gangsteren an d'Fäng lafen. Heefeg iwwer Dating-Apps, wou iwwer Méint eng Online-Relatioun opgebaut gëtt. Ass d'Vertrauen emol do, gëtt dem Affer vun enger super Opportunitéit erzielt, fir ze investéieren:

"Dat kann am Krypto-Beräich sinn, dat kënnen awer och zum Beispill Aktie vu Firme sinn, déi geschwënn op d'Bourse wäerte goen."

D'Zäit spillt géint d'Affer

D'Investissement-Plattforme gesi ganz legitim aus a sinn héich sophistiquéiert opgebaut. Si weisen un, wéi sech engem säin "Investissement" dagdeeglech entwéckelt. A Wierklechkeet sinn déi Suen awer séier fort. Dat confirméiert de Max Braun, Direkter vun der CRF, der Cellule de renseignement financier. D'lescht Joer war dës Entitéit, déi dem Parquet général ënnersteet, mat 20 Fäll vun "Investment Fraud" befaasst:

"Also wann d'Leit et fréi mierken, spréch innerhalb vu véieranzwanzeg Stonnen nodeem se de Virement gemaach hunn, besteet nach eng Chance, d'Suen zréckzekréien. Wann se et méi spéit mierken, da gëtt et ëmmer méi schwéier."

Organiséiert Kriminalitéit am Hannergrond

Hannendru stieche kriminell Organisatiounen an eng effikass Aarbechtsopdeelung. Déi eng baue Relatiounen op a manipuléieren d'Affer. Si sinn dacks selwer Affer vu Mënschenhandel. Da ginn et déi, déi den technesche Know-how hunn an den Investissement op de Plattforme simuléieren. Déi Drëtt an der Chaîne sinn d'Geldwäscher, déi am Viséier vun der CRF stinn.

"Dat sinn déi Leit, déi als éischt Sue kréien an se da weider iwwerweisen, oft duerch d'ganz Welt, heiansdo och investéieren, fir sécherzestellen, dass herno déi Kriminell och op déi Sue kënnen zeréckgräifen."

Dass hir "investéiert" Sue geklaut goufen, mierken d'Leit dacks eréischt dann, wa se ee Betrag wëllen eraushuelen, esou dem Affekot Mailliet seng Erfarung.

"Da kréie se dacks gesot: 'Dat kascht elo nach Transaktiounskäschten.' An et ass meeschtens do, wou se bei mech kommen."

Aner Clientë géifen och nach Transaktiounskäschte bezuelen, kréichen awer näischt eraus. Wa si sech da bei der Plattform géife beschwéieren, kéim eng zweet Etapp vun der Fraude an d'Spill:

"Dat sinn dacks déi nämmlecht Leit, sougenannt 'Agences de recouvrement'. Déi melle sech beim Affer a soen: 'Mir hunn héieren, dass vill Leit Affer gi sinn. Mir hëllefen, d'Suen erëmzekréien.'" Eng weider Fal. Den Affekot réit hei ganz kloer: Don’t throw good money after bad money. Hie kéint an deene Fäll net vill fir seng Clientë maachen.

Preventioun ass dat wichtegst Instrument

Dat wichtegst wier Preventioun an Informatioun, mee och d'Affer ze encouragéieren, iwwer de Bedruch ze schwätzen. Vill géife sech schummen, dobäi géife sech hannendrun oft schwéier Dramaen ofspillen. D'Leit bräichte psychologeschen Encadrement.

"Wat ze schéin ass fir wouer ze sinn, ass meeschtens net wouer. An dat ass bei dësen Investissementer mat Sécherheet de Fall", warnt den Direkter vun der Cellule de renseignement financier.

D’CRF ass mat 180 anere Cellules de renseignement financier weltwäit vernetzt. Et gëtt e Rapid-Response-Programm, fir Suen esou séier wéi méiglech zréckzekréien, mee dat bleift immens komplizéiert. Trotzdeem sollten d'Betraffener net all Hoffnung verléieren, seet de Max Braun:

"Mir schaffen op Blanchiment-Reseauen, an déi ginn dacks eréischt no Joren héichgeholl. Do ginn dann awer och grouss Zomme saiséiert, an da besteet erëm d'Hoffnung, dass d'Victimmen eppes zréckkréien."

Reguléierung an Opklärung solle schützen

Zousätzlech gëtt geroden, am Krypto-Beräich just mat reguléierten Entreprisen ze schaffen. Déi ginn et mëttlerweil och zu Lëtzebuerg.

D'CSSF publizéiert reegelméisseg Warnungen virun onéierleche Websäiten op hirem Internetsite.

Iwwerdeems ass och e Gesetzesprojet um Instanzewee, deen der CRF et erméigleche wäert, de Banken opfälleg Bankkonten ze mellen, déi fir Fraude benotzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO