Photovoltaik-Projet am MëllerdallOp gréng Energie setzen, fir d'Ëmwelt ze schounen

Christophe Hochard
Dat hu sech den Natur- a Geopark Mëllerdall an aktuell eng 70 Privatleit op de Fändel geschriwwen.
Photovoltaik-Projet am Mëllerdall
Dat hu sech den Natur- a Geopark Mëllerdall an aktuell eng 70 Privatleit op de Fändel geschriwwen.

Am Februar dëst Joer hunn eng 12 Bierger aus dem Mëllerdall eng Energie-Kooperativ gegrënnt, fir esou aktiv de Klimaschutz z'ënnerstëtzen.

Zu Zëtteg, an der Gemeng Bech, gouf um Daach vun der Kläranlag Enn Oktober eng Photovoltaik-Anlag installéiert. Et sinn eppes iwwer 90 Panneauen. Ronn 39 Dausend Euro huet dëse Projet kascht. Am Januar kann dëse Projet vun der Creos un d'Netz goen.

7 Eefamilljenhaiser kënnen duerch dës Anlag mat Stroum iwwer d'Joer versuergt ginn.

70 Memberen huet d'Energie-Kooperativ "Energiepark Mëllerdall". Allerdéngs ginn nach Leit gesicht, déi dëse Projet matënnerstëtze wëllen. Eng Part kascht 100 Euro.

Bei dësem Photovoltaik-Projet geet et an éischter Linn och drëms, d'Nohaltegkeet ze fërderen. Dat heescht Regiounen ewéi Natur- a Nationalparken op hirem Wee Richtung Null Emissiounsgebitt z'ënnerstëtzen.

Esou änlech Projete ginn ë.a. och zu Bäerdref, Konsdref, Hiefenech a Buer geplangt an ëmgesat.

Back to Top
CIM LOGO