"Take back the Night" gouf genee aus deem Grond vum CID Fraen an Gender organiséiert. Trotz Reen hu sech eng 15 Fraen e Sonndeg den Owend an der Stad getraff, fir dorop opmierksam ze maachen.
"Ech probéieren owes net eleng ënnerwee ze sinn. A wann, da sinn ech entweder um Handy oder ech hunn de Schlëssel an der Hand. Dat gouf mir als Kand ëmmer gesot, huel de Schlëssel an d’Hand, fir dech ze wieren."
"Wat ech perséinlech maachen ass, ech hu gemierkt, dass wann ech eng Kaputz unhunn an d’Mask, da mengen d’Leit, ech wier e Jong an da fillen ech mech méi sécher."
Esou Tricker kennt all Fra. De Standuert deelen oder de Frëndinne soen, dass ee gutt ukomm ass, dat gehéiert u sech dozou, wann een eleng heemgeet. Ma dass ee sech als Fra onsécher fillt an op esou Methoden zeréckgräife muss, wëll hei keen einfach esou acceptéieren.
"Zu Paräis hat ech dee Problem dacks, dass ee mir nogaangen ass oder sou. An eréischt, wéi ech heihinner geplënnert sinn, hunn ech gemierkt, dass dat net normal ass."
Normal soll d’Angscht um Heemwee och zu Lëtzebuerg net sinn. Dofir kéinten urbanistesch Verännerungen an och einfach opmierksam maachen op de Problem hëllefen. Eng Iddi kéint sinn, d’Hecken, déi de Park an d’Strooss trennen, ewech ze huelen, fir méi Luucht an de Park ze loossen, esou d’Gemengeconseillère aus der Stad Ana Correia da Veiga. Si war och bei der Manif mat dobäi.
Mat "Take back the Night" wëll een awer och d’Fraen encouragéieren, sech net ze verstoppen.
D’Milena Steinmetzer vum CID Fraen an Gender betount, dass de Statistiken no méi Männer am ëffentleche Raum ugegraff gi wéi Fraen. Woubäi Fraen natierlech dacks enger méi sexualiséierter Gewalt ausgesat ginn. An och méi a private Bezéiungen, wéi dat bei Männer de Fall ass. Ma trotzdeem héiert een awer och vun Elteren zu hirer Duechter soen, dass se sollen oppassen oder dass se net eleng sollen heemgoen.
Op de Problem vun der Gewalt géint Fraen opmierksam maachen, dat wëll "Take back the Night". Ma awer och d’Angscht huelen, fir sech méi sécher a méi staark am ëffentleche Raum kënnen ze fillen.