Wat genee bannent der Bréck geschitt ass, dat hu Ponts et chaussées der Press um Donneschdeg bei enger spezieller Visitt presentéiert.
Mam orangë Casque op ass et fir d'éischt emol iwwert d'Rout Bréck gaangen, fir dann op der Säit vum Theater a se eranzeklammen. Duerch eng kleng stole Paart ass et an de banneschten Deel gaangen.
Virop huet ee mol missen de Kapp anzéien: Keen Dagesliicht an ëmmer erëm d'Geräisch vun den Autoen am Tram, déi iwwert engem sengem Kapp laanschtfueren. Am enorm laangen, düsteren Tëscheraum si virun allem déi stole Trägeren ze gesinn, déi di déi iwwer 4.900 Tonnen schwéier Konstruktioun stabiliséieren.
Bis an d'Mëtt vun der Bréck ass d'Visitt gaangen. Ënnerwee konnt een dann och bis erof an ee vun den 4 Féiss vun der Rouder Bréck luussen, wou et nawell steil d'Trapen erofgeet - an ee besser huet, schwindelfräi ze sinn.
D'Renforcements-Aarbechte bannent der Bréck sinn ofgeschloss - bausse muss awer nach ugestrach ginn an dat sinn net manner wéi 50.000 Meter Carré.
D'Entreprise, déi sech ëm de Chantier këmmert, ass aktuell op der Sich no engem neien Usträicher, nodeems den éischten viru gutt engem Mount faillite gaangen ass.