5.085 méi ChômeurenOp ee Joer gekuckt, klëmmt de Chômage am Mee ëm 33,6%

RTL Lëtzebuerg
D'Situatioun um Aarbechtsmaart bleift ugespaant. Wéi mir scho viregte Mëttwoch gemellt haten, goufen och am Mee nees iwwer 20.000 Chômeure gezielt.

Et sinn der, fir genee ze sinn, 20.209. Dat si bal 5.100 Persoune méi ewéi déi selwecht Zäit virun engem Joer. A Prozenter stellt dat eng Hausse vun 33,6% duer. D'Adem huet e Méindeg d'Chômagezuele fir de Mount verëffentlecht.

Et sinn aktuell quasi d'selwecht vill Frae wéi Männer am Chômage.

Besonnesch fir déi Jonk ënner 30 Joer huet d'Situatioun sech op ee Joer gekuckt däitlech verschlechtert. De Jugendchômage ass héich hei am Land, dat sot och d'Invitée vun der Redaktioun, d'Direktesch vun der Adem Isabelle Schlesser, e Méindeg de Moien am RTL-Interview. Am Mee waren iwwert ee Joer gekuckt 52% méi Jonker bis 30 Joer am Chômage.

Am Mee bleift de Chiffer vu Leit op der Sich no enger Schaff quasi d'selwecht héich wéi am Abrëll, de Chômage-Taux klëmmt vu 6,9 op 7%.

3.829 Residenten, déi op der Sich no enger Schaff sinn, sinn aktuell vun enger Mesure vun der Adem affektéiert.

Iwwer 10.600 Chômeure kréien aktuell eng Indemnisatioun. Dat gouf et esou nach ni, huet d'Isabelle Schlesser confirméiert.

PDF: Chômagezele Mee 2020

Back to Top
CIM LOGO