Mä wat kritt de Client konkreet vun der Präishausse mat? Den Alain Fürpass, Direkter vu SUDenergie, erkläert:
"Mat Taxen, mat der CO2-Steier, mat allem dran, vu Januar bis haut ass dat eng Hausse vu ronn 55 Prozent. Also wäit vun där Hausse, dobaussen op der Bourse."
D'Strategie, wéi zu Lëtzebuerg Gas akaaft gëtt, géif et erlaben, de Schock op de Client ofzefiederen. E Bléck an d'Glaskugel ass awer ëmmer delikat. Um Stand vun haut mussen d'Stéit hei am Land am Januar schonn nees mat enger Präishausse vu 20 bis 25 Prozent rechnen.
"Do kënnt nach eng Präishausse. Mir gesinn awer och den Abrëll hannendrun, wou et sech erëm berouegt an de Präis erofgeet. Déi Wanter-Boucle gëtt dann iwwerwonnen. Ma mir bleiwen duerno weider op engem historesch héijen Niveau. Op 2023 gekuckt gesinn mer, datt et sech dann ëmmer méi normaliséiert", sou den Direkter vu SUDenergie.
Experten hunn natierlech och an der aktueller Situatioun direkt eng Rei Ursaachen analyséiert: D'Weltwirtschaft huet nees ugezunn. An Europa war och de Wanter aussergewéinlech laang. Bannent de Méint Abrëll a Mee gouf zu Lëtzebuerg sou vill gehëtzt, wéi schonn zanter 10 Joer net méi. Dat goung un d'Reserven, dat op engem Ament, wou déi grouss Schëffer éischter Asien approvisionéiert hunn, well do méi Geld fir de Kubikmeter bezuelt gëtt.
"Zanter dem Fréijoer ass net vill erneierbar Energie do gewiescht. Net vill Sonn. Et war net vill Wand. Dofir si Gasturbinnen ugefuer ginn, fir Stroum ze produzéieren. Do gouf et eng permanent Nofro fir Gas."
Gas fir Elektresch ze produzéieren. Dat huet nees en direkten Impakt op de Stroumpräis, deen iwwer d'Produktiounsanlagen definéiert gëtt. An där sougenannter 'Merit-Order'-Ligne, stinn d'Gas-Kraaftwierker ganz um Enn. Ginn si an Usproch geholl, gëtt de Kilowatt deier. Eng Präishausse, déi zum Gléck och hei, wéinst der Akafsstrategie, fir d'Stéit ofgefiedert ka ginn.
"En normalen Haushalt huet bis 800 Euro d'Joer u Stroumkäschten. Et kann een elo dovun ausgoen, datt mer d'nächst Joer e bëssche méi musse bezuelen. Am eestellegen Prozentberäich wäert dat leien", sou d'Aschätzung vum Claude Simon, Head of Energy Sales bei Enovos Lëtzebuerg.
Entspanung um europäeschen Energiemaart kéint d'nächst Joer am Fréijoer och en Accord am Sträit tëscht dem Haaptfournisseur Russland, Däitschland an den USA ëm d'Gas Pipeline 'Nord-Stream 2' bréngen. Hei kann déi nei däitsch Ampel-Koalitioun eng wichteg Roll spillen.