
Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. D'Pompjeeë vun Uespelt a Munneref waren am Asaz, grad ewéi och d'Ambulanz vu Réimech.
Ee Blesséierten gouf et och géint 23 Auer bei engem Autosaccident zu Diddeleng, an der Diddenuewener Strooss. D'Escher Ambulanz an d'Diddelenger Pompjeeë goufen op d'Plaz geruff.