Ze déif an d'Glas gekucktOp der Gare zu Ëlwen ugehal, kontrolléiert a Permis verluer

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht huet d'Police zu Ëlwen op der Gare ee Chauffeur ugetraff, deen net op d'Stoppzeeche vun de Beamte reagéiert huet.
© Archiv

Den Automobilist wollt einfach weiderfueren. Wéi d'Police de Mann du schlussendlech um Parking vun der Gare un d'Hale krut, huet de Chauffeur hinnen direkt erkläert, kee Contrôle technique ze hunn. De Mann hat och nach ze vill gedronk, e sou datt den Auto op der Plaz immobiliséiert gouf an de Mann ee provisorescht Fuerverbuet krut. De Permis war direkt fort. Och an der Stad tëscht dem Boulevard Roosevelt an dem Pont Adolphe war ee Chauffeur ënnerwee, deen ze déif an d'Glas gekuckt hat an deen ze séier ënnerwee war. De Permis war och hei op der Plaz fort.

Back to Top
CIM LOGO