SchoulOp den Ofschlossklasse musse fir all Schüler déi nämmlecht Critèrë gëllen

RTL Lëtzebuerg
Dat fuerderen ënner anerem d'Schüler- an d'Studentevertriedungen an d'Gewerkschafte vum Léierpersonal an engem gemeinsame Communiqué.

Eenheetlech a kloer Critèrë fir d'Andeelungen an d'A/B-Gruppe vun den Ofschlossklassen an alle Lycéeën a Schoulen, dat fuerderen e Mëttwoch de Moien déi national Schülervertriedung Cnel, déi national Studentevertriedung Unel, souwéi d'Gewerkschafte vum Léierpersonal Apess an SEW an engem Communiqué.

Vue dass d'Ofschlossklassen den nämmlechten Exame schreiwe missten, wär d'Chancëgläichheet just garantéiert, wa fir all Schüler déi nämmlecht Critèrë géinge gëllen. Donieft misst och landeswäit déi nämlech Strategie adoptéiert ginn, wat déi Covid-bedéngte Verkierzung vun de Léierpläng vun den Ofschlossklassen ugeet.

D'Schüler, d'Studenten an d'Léierpersonal begréissen zwar, dass vu Januar d'nächst Joer un an all Klasse CO2-Ampelen an den Asaz kommen, ma et misst onbedéngt méi mat hinne geschwat ginn. Mesuren, déi si concernéieren, missten och demokratesch am zoustännegen „Conseil d'éducation“ geholl ginn. An dem Kontext fuerdere si een Treffe mat alle concernéierten Acteure vum Bildungswiesen.

PDF: De Communiqué

Back to Top
CIM LOGO