En experimentelle Bësch an der StadOp d'Eecherfeld komme Beem stoen, déi mat Glasfaserkabele vernetzt sinn

Claudia Kollwelter
3.500 Beem sollen um Eecherfeld geplanzt ginn.

En experimentelle Bësch ass en Donneschdeg um Eecherfeld an der Stad ugeplanzt ginn. De Projet vun der Stad Lëtzebuerg, zesumme mam Ëmweltministère, der Natur- a Bëschverwaltung an dem Luxembourg Institute of Science and Technology huet e wëssenschaftlechen ma och e pedagogesche Volet.

En experimentelle Bësch an der Stad / Claudia Kollwelter

D’Kanner aus der Bëschspillschoul waren en Donneschdegmoie schonn ganz aktiv an hu gehollef, déi éischt Beem um Eecherfeld op enger Parzell, déi der Stad Lëtzebuerg gehéiert, unzeplanzen. 3.500 Beem sinn et am Ganzen. Den Direkter vun der ANF, de Michel Leytem erklërt, wéi eng dat sinn:

“Mir setzen hei haaptsächlech op Lannen, Eechen, Buchen, also wierklech Aarten, déi och hei hi gehéieren. A firwat setze mer op déi Aarten? Well dat déi Aarte sinn, déi elo am Klimawandel, wann d’Temperaturen e bësse méi héich ginn, déi do am widderstandsfäegste sinn. An ech mengen, wat ee ganz wichtege Message hei ass, dat ass eeben d’Mëschung. Mir setzen net just op eng Bamaart, mee et ginn op e puer Bamaarte gesat.”

D’Kanner mee och soss Leit solle mat dësem Projet gesinn, wéi e Bësch sech entwéckele kann. Den Ëmweltminister Serge Wilmes erkläert:

“A wat mer hei maachen, si Beem planzen, déi nees an 20, 30, 40 Joer eréischt wäerten hir ganz biologesche Valeur entwéckelen. An dat wäert also virun allem ons nach, mee och hinnen, zegutt kommen. An dat ass e ganz schéint Symbol, wat mer hei mateneen verbannen, sou vill verschidde wichteg Aspekter.”

Wichteg wier et och fir d’Zukunft anstänneg Daten ze hunn, wéi d’Klima sech verännert, déi dann direkt op de Bësch kéinten iwwerdroe ginn, sou Michel Leytem vun der Natur- a Bëschverwaltung:

“An duerfir ass déi Participatioun vum LIST hei sou wichteg, well si eis déi néideg wëssenschaftlech Date bréngen, déi Beem hei, déi gi carrement mat Glasfaserkabele matenee vernetzt, wou mer dann och wierklech kucken, wéi schwätzen déi Beem mateneen? Verschidde Beem, déi ginn och nach extra mat enger Pilzmëschung geimpft, mat enger sougenannter Mycorrhiza, soudass dat hei wierklech e ganz, ganz innovative Projet ass, a wou mer och déi wëssenschaftlech Resultater herno mat jiddwerengem kënnen deelen, fir dass mer gutt opgestallt sinn, fir géint de Klimawandel mat eise Bëscher kënnen ze reagéieren.”

De Projet reit sech dann och an d’Zil a vun der Stad Lëtzebuerg, bis 2030 30.000 nei Beem geplanzt ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO