
Iwwer 50.000 Leit hunn zejoert hei zu Lëtzebuerg vun engem vun de Servicer vun der Croix-Rouge profitéiert. An de Beräicher, an deenen d'Rout Kräiz aktiv ass, géifen et nach ëmmer grouss Besoine ginn. Dat huet den Direkter Michel Simonis en Donneschdeg de Moien op enger Pressekonferenz betount, op där de Joresrapport 2025 presentéiert gouf.
Eng Prioritéit zejoert war de Logement fir Jonker. Am September zejoert huet d'Rout Kräiz zu Uewerglabech eng nei Struktur opgemaach mat ënnerschiddleche Servicer fir Kanner a Jugendlecher. D'Demande wier allerdéngs extrem héich an dofir ass een och mat dräi weidere Gemengen an der konkreter Planung fir weider esou Strukturen. En anere wichtege Projet, deen ervir gestrach gouf, ass dee vum nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt, deen zejoert ageweit gouf a vun deem zanterhier scho ronn 400 Victimme Gebrauch gemaach hunn.