Nuecht op e SamschdegOngeféier eng Dosen Accidenter mat Wëld op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Ronn eng Dose Mol hat et an der Nuecht un e Freideg op e Samschdeg gerabbelt, well en Déier an en Auto net laanschtenee koumen.
© RTL (Archiv)

Wéi d'Police präziséiert, goufen awer keng Persounen heibäi blesséiert, et ass all Kéiers bei Materialschued bliwwen.  Op hirem Internetsitehuet d'Police dann och verschidden Tipps, wéi ee sech aktuell op der Strooss soll verhalen, fir en Accident mat engem Déier z'evitéieren.

Sollt et awer zu engem Tëschefall komm sinn, kann een eng "Wildunfallbescheinigung" och onlineufroen.

Back to Top
CIM LOGO