Déifstall bei ParkautomatOnéierlecher lenken d'Leit of, fir hinnen d'Bankkaart ze klauen

RTL Lëtzebuerg
D'Police warnt bei Automaten an generell gutt opzepassen.
© Facebook Police

Wéi d'Police op de sozialen Netzwierker matdeelt, gouf eng Fra Affer vun esou engem Déifstall, dat an der Avenue Jean-Pierre Pescatore e Samschdeg de Moien um hallwer 11.

D'Täter hunn dem Affer ze verstoe ginn, dass de Parkautomat kee Klenggeld géif unhuelen an der Fra recommandéiert mat der Kaart ze bezuelen. Bei dësem Virgang hunn déi Onéierlech der Fra hire Pin gekuckt a wärend engem Oflenkungsmanöver d'Bankkaart agestach.

Wéi et heescht, gouf et dee Moien nach 2 weider sou Fäll.

D'Police warnt bei Automaten a generell gutt opzepassen. De Pin sollt ëmmer verdeckt agetippt ginn, sollt d'Kaart eng Kéier net aus dem Automat kommen, gëtt geroden, dës direkt spären ze loossen. Verdächteg Persoune sollen natierlech direkt bei der Police gemellt ginn.

Back to Top
CIM LOGO