
Wéi vill a wéi eng Drogen zirkuléieren am Prisong? Wéi grouss ass de Problem wierklech a wéi kann een negativ Konsequenze vun der Drogeconsommatioun hanner Gitter op e Minimum limitéieren?
Op dës Froen Äntwerten ze fannen, war de But vun engem Rapport vum Ombudsman, deen e Méindeg de Moie presentéiert gouf. Virop bleift ze soen, dass kee flagranten Dysfonctionnement konnt festgestallt ginn, mee et gëtt nach eng ganz Rëtsch ze maachen.
Mir wäerten d'Drogen ni ganz aus dem Prisong erauskréien. Et wier illusoresch, dat ze mengen. Dat sot d'Ombudsman Claudia Monti direkt am Ufank vun hirem Rapport. An d'Zuele beleeën et och. Tëscht 2014 an 2018 sinn d'Infraktioune wéinst illicite Substanzen am Prisong zwar erofgaangen, ma d'Zuel vu Prisonéier, déi dofir bestrooft goufen ass stabel bliwwen. Vun am Ganzen 961 Sanktiounen an deene 4 Joer waren der am meeschte mat 47% wéinst dem Besëtz vu Cannabis, 18% wéinst Alkohol, 13% wéinst Suboxone, engem staarke Medikament géint Péng, wat zu den Opioide gehéiert, a jeeweils 2% goufen am Prisong mat Heroin, Valium, Kokain oder Morphium erwëscht. Tendenz vu Kokain an Heroin am Prisong ass op alle Fall déi lescht Joren eropgaangen. Et wier wichteg, den Droge-Problem genee ze chiffréieren, well nach e ganze Rateschwanz hannert der Consommatioun drun hänkt, erkläert d'Ombudsmann.
„Wou e Risiko do ass vun enger Overdose, dass ee sech iergendwellech Krankheete mat viru gëtt, dass een duerch den Drogekonsum iergendwellech aggressiv oder delirant Comportementer kréich.“
Wéi kommen d'Drogen iwwerhaapt an de Prisong?
„D'Visitte sinn nach ëmmer e Problem. Et fënnt een ëmmer nei Methoden, fir d'Saachen eranzekréien. Ënnert den Detenue selwer ass dann den Echange iwwer d'Sportsaktivitéiten, iwwer d'Schoul wou se jo verschidde Coursë kënne maachen, iwwer d'Atelieren.“
Zu Schraasseg géif een éischter déi klassesch illegal Substanze fannen, zu Giwenech am hallef-oppene Strofvollzuch, do hätt een den Ament éischter e Problem mam sougenannte Spice, eng Drog déi immens geféierlech wier.
„Spice ass eng artificiell Drog, déi zesummegebastelt gëtt an dat Geféierlecht um Spice ass, du weess u sech net wat dran ass. Vu Miel, iwwer Rategëft, iwwer Pudderzocker, iwwer Aspro an ech weess net wat. An op der anerer Säit kënnen awer och esou Drogen dra sinn, déi iech dann d'Gehier komplett ausflippe loossen.“
A punkto Recommandatiounen huet den Ombudsmann besonnesch ervirgestrach dass d'Fouillen vun de Prisonéier onbedéngt missten op enger appropriéiere Plaz geschéien an an zwou Phasen. Eng Kéier den Uewer- an eng Kéier den Ënnerkierper, sou dass d'Detenuen zu kengem Ablack ganz plakeg wieren. Dat wier eng Fro un Dignitéit. Een anere Problem un deem hei am Land misst geschafft ginn, ass de Manktem un Alternativen.
„Dat ass dass leider net ganz vill Alternativen zum Prisong decidéiert ginn. Oft gi fest Prisongsstrofe geschwat an een Drogenofhängegen ass nach ëmmer ee Kranken. Natierlech wann dann een an de Prisong kënnt, fanne mer et ganz wichteg, dass déi Efforten, déi am Prisong gemaach gi sinn, dass déi och nach viru kënne gefouert ginn, wann déi Persoun aus dem Prisong erauskënnt.“
A puncto Post-Incarceratioun wier et zum Beispill wichteg, e medezineschen Suivi vum Prisonéier ze maachen, fir dass d'Leit duerno op fräiem Fouss net komplett ouni Sécherheets-Netz do géinge stoen, sou nach d'Ombudsmann Claudia Monti.