Ried zur Lag vun der Natioun a BudgetsprojetOGBL stellt eng Rei Widderspréch fest a gesäit Aspekter kritesch

RTL Lëtzebuerg
Problemer gesäit d'Gewerkschaft bei der Klimapolitik, dem Logement, ma och bei der Reindexéierung vum Kannergeld an den héijen Energiepräisser.
© Rene Pfeiffer (RTL Archiv)

Et ass déi richteg Orientéierung, mä mat nëmme wéineg Konkretem, esou resuméiert den Onofhängege Gewerkschaftsbond an engem Schreiwes d'Ried zur Lag vun der Natioun an de Budgetsprojet vum anere Joer, deen d'lescht Woch an der Chamber deposéiert gouf.

Grad elo géif et der Gewerkschaft no vill ze dinn ginn. Den OGBL huet an der Ried vum Premier eng Rei Widderspréch festgestallt a gesäit verschidden Aspekter och kritesch. Zum Beispill géifen d'Investitiounsefforte besonnesch am ëffentlechen Transport an dem Logement am Beräich vun der Klimapolitik net wäit genuch goen a wieren ze niddreg ugesat.

Et géif och nach ëmmer un enger sozialer Stafflung bei de staatleche Logementsprimme feelen. Dat selwecht géif fir d'Elektroautoe gëllen.

Den annoncéierte Klima-Biergerrot nennt den OGBL "Effekthascherei". Déi consultativ Gewerkschafte wieren nach ze lescht aus dem Konsultatiounsorgan ausinvitéiert ginn, dat am Klimaschutzgesetz virgesinn ass.

Och d'Annoncen a puncto Wunne ginn den onofhängege Gewerkschaftsbond net wäit genuch. D'Ukënnegung, datt déi ëffentlech Hand dee "gréissten Acteur am Logement" soll ginn, wier iwwerzunn. An engems bedauert d'Gewerkschaft, datt d'Regierung bei der progressiver Besteierung vu Bauland net elo scho méi wäit geet.

Donieft erënnert den OGBL drun, datt et 7 Joer gedauert huet bis de Gewerkschaften hir Fuerderung no der Reindexéierung vum Kannergeld ëmgesat gëtt, ma datt een u sech och eng nodréiglech Opwäertung ëm 7,7% gefrot hat.

Um Hannergrond vun den héijen Energiepräisser misst d'Hausse vun der CO2-Steier richteg kompenséiert ginn. D'Hausse vun der Brenneszoulag ëm 200 Euro géif bei Wäitem net duergoen.

PDF: De Communiqué vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO