Allerdéngs hat dësen och scho virun der Coronakris en akute Personalmanktem. Fir deem entgéintzewierken, mussen esouwuel d'Aarbechtskonditioune wéi och d'Ausbildung fir d'Gesondheetsberuffer méiglechst attraktiv sinn. Do si sech d'Regierung an d'Gewerkschaften eens. Ma dat schéngt esou zimmlech dat eenzegt ze sinn, wou een nach d'accord ass, wann et ëm eng méiglech Reform vun der Formatioun am Gesondheetssecteur geet.
Reform jo, mä wéi, doriwwer ginn d'Meenunge vun der Regierung an deene Concernéierten am Secteur, wéi et schéngt, wäit auserneen. Am Fréijoer hat d'Regierung eng Reform vun engem Deel vun de Formatiounen am Gesondheetssecteur presentéiert, mat där awer weder d'Beruffsverbänn, nach d'Studenten oder d'Gewerkschaften d'accord sinn. Et wier Gebastels a géif komplett laanscht d'Realitéiten an d'Besoinen am Secteur goen.
„Dee Projet, wéi en haut um Dësch läit ass total konzeptlos, en ass oniwwerluecht. Et ass e Gebastels, eng Reparatioun op klenge Punkte vun engem ale Modell, dee komplett misst iwwerschafft ginn. Dowéinst ass et eis ëmmer wichteg gewiescht an ass eis och haut wichteg ze soen, mir brauchen e koherente Modell, e Modell, deen aus engem Goss ass", esou de Pitt Bach vum onofhängege Gewerkschaftsbond.
Den OGBL fuerdert dës grondleeënd Reform scho laang. Ma elo ënnermauert en dës Fuerderung mat enger konkreeter Propositioun, wéi esou e Modell aus engem Goss kéint ausgesinn. An do wier et essentiel, dass zum Beispill Infirmieren an Infirmièren, déi eng zousätzlech Spezialiséierung maachen, dës och mat engem weideren Diplom unerkannt kréien.
„D'Problematik vun der Penurie hu mir ganz verstäerkt bei den Infirmiers spécialisés. Do hu mir haut scho Klassen am LTPS, wou beschtefalls e Grapp voll Studenten nach ausgebilt ginn. Mir brauchen déi héich qualitativ ausgebilte Leit awer um Terrain. Mir kréie se net erbäi an elo soe mir hinnen, si sollen nach 2 Joer méi laang an d'Schoul goen, fir um Enn awer just dee selwechten Diplom ze hunn wéi en Infirmier."
Fir d'Ausbildung vun Infirmièrë proposéiert den OGBL deemno d'Ofschafe vum aktuelle System vum BTS an d'Schafe vun enger Formatioun op Bachelor-Niveau, dat heescht e BAC plus 3 an duerno e Master, also e BAC plus 5, fir Infirmierë mat enger Spezialiséierung. Esou wéilt een de Beruff opwäerten an nach méi Jonker dofir begeeschteren, wéi de Pitt Bach erkläert: „Mir maachen d'Dier op mat engem Niveau Bachelor fir sämtlech Studenten, déi vun enger 13e oder enger 1ere kommen. Dat heescht mir hu méi e breede Public cible, déi hei Accès op déi heiten Ausbildung géife kréien. Mir hu méi en héichwäertegen Diplom, méi en interessanten Diplom fir Jonker, déi wëllen an deem heite Secteur schaffen."
Gläichzäiteg wéilt een eng Ausbildung um Niveau Technicien aféieren, dat heescht eng Formatioun vu véier Joer no der 5e oder fréier der 9e, fir och de Beruff vum Aide-soignant opzewäerten an och d'Ewechfale vum BTS fir Infirmièren ze kompenséieren.
Allgemeng wier et wichteg Passerellen ze schafen, fir vun deem enge Beräich an deen anere kënnen eriwwer ze wiesselen oder fir déi eng un déi aner Formatioun unzeknäppen. Esou soll een zum Beispill mam Techniciensdiplom als Aide-soignant kënnen e Bachelor als Infirmier maachen. Ma als alleréischt fuerdert den OGBL, dass d'Regierung hir Reform an den Tirang leet. „Mir fuerdere ganz kloer, dass dee Projet do op Äis geluecht gëtt, dass diskutéiert gëtt iwwert deen heite Modell mat allen Acteure vum Terrain an dass mir d'Reform vun der Ausbildung iwwerschaffen, esou dass se Sënn ergëtt."
Deemno läit de Ball elo bei der Regierung. Sollt dës awer net reagéieren, géif een net zécken weider gewerkschaftlech Schrëtt z'entaméieren, esou nach déi Responsabel vum OGBL. Weider Detailer zum Modell, deen d'Gewerkschaft ausgeschafft huet, fannt Dir hei am Schreiwes vun der OGBL.