
An engem Schreiwes vun der Jugendsektioun vum OGBL fuerdert d'Gewerkschaft ënnert anerem en universellt Recht op Chômage. Aktuell sinn d'Indemnitéiten nach gebonnen un den Alter vun der Persoun an dorun, wéi laang ee bei der ADEM ageschriwwe war oder wéi eng Zort vun Diplom een huet.
D'Gewerkschaft fuerdert donieft eng Verstäerkung vun den Aktiounen am Zesummenhang mat der „garantie pour la jeunesse“, eng Reform vum „contrat d’initiation à l’emploi“ a weider speziell Mesuren, fir de jonken op der Sich no enger Aarbecht ze hëllefen.
Eurostat no läit de Chômage vu Leit tëscht 16 a 25 Joer hei am Land bei 25%. Lëtzebuerg läit domadder just hannert Spuenien a Griicheland.