Streik méiglechOGBL fuerdert Äntwerten an Negociatioune vum Elektriker-Kollektivvertrag

Tim Morizet
"Mir hu genuch Zäit verluer a wann et net geschwë virugeet, da musse mer Leit op d'Stroosse mobiliséieren", esou den OGBL op enger Pressekonferenz.

Kritik vum OGBL / Reportage Anne Wolff

Rieds geet vum Kollektivvertrag vun den Elektriker. Dëse gouf fir d'Lescht 2016 fir zwee Joer bis 2018 negociéiert an ënnerschriwwen. Dat geschitt normalerweis an engem Rhythmus vun 2 bis 3 Joer. Mä zanter 2018 géifen d'Patrone Fuerderunge vun hire Mataarbechter gréisstendeels ignoréieren, mat schwierege Konsequenzen, erkläert den Hernani Gomes, Secretaire Central beim OGBL:

„2018 hu mer natierlech nei Negociatioune gefrot. Mir sinn elo 2021: 3 Joer méi spéit gëtt et nach ëmmer keen Accord. Mir hunn 3 Joer verluer. Mir wëllen elo, datt d'Patronen, sollt et zu engem neien Accord kommen, och déi lescht 3 Joer aberechnen. Mir wëllen net, datt déi verlueren Zäit op Käschte vun de Salariéë geet. Dräi verluere Joer heescht, datt et keng Augmentatioun an de Paie gouf, ouni Primmen, ouni näischt."

Eng 13.000 Leit schaffen an dësem Secteur fir eng Ronn 1.000 Entreprisen. 5.000 Salariéë wieren direkt vun dësem Blockage vu Säite vum Patronat betraff.

Et misst ee sech net wonneren an iwwert eng „Concurrence deloyale" par Rapport zum Staat jéimeren, wann ee d'Konditioune fir seng eege Mataarbechter probéiert, konsequent ze drécken, esou d'Attack vum OGBL. De Secteur bréicht jonk a gutt ausgebilten Aarbechter. Ma dës géifen esou net an d'Berufsrichtung motivéiert ginn. D'Fuerderunge si kloer.

„Mir froe mam LCGB zesummen eng Augmentatioun vu 4,5% vun de Salairen. D'Patrone wëllen, datt dat um Niveau vun der Grille déi d'Pai bestëmmt diskutéiert gëtt. Mä da muss d'Grille och dat opfänken, wat déi lescht 3 Joer verluer gaangen ass ", sou den Hernani Gomes.

D'Pandemie wier 2021 iwwerdeems kee Grond méi, fir dës Negociatiounen ze blockéieren. Am Juli gouf eng Demande fir eng nei Reunioun gemaach. Bis ewell ouni Äntwert, bedauert den OGBL.

Back to Top
CIM LOGO