
Den OGBL an den LCGB hu mat der Direktioun vum CASINO 2000 zu Munneref de Kollektivvertrag erneiert. Engem gemeinsame Communiqué no gouf den Accord fir dräi Joer ofgeschloss – vum 1. Januar 2026 bis den 31. Dezember 2028 – a couvréiert eng 115 Salariéeë.
Den OGBL an LCGB schwätze vun engem “konstruktive Sozialdialog” an enger Verhandlungsronn, déi am “Interessi vun de Salariéeë” geféiert gi wier.
Konkret gesäit den neie Kollektivvertrag deemno garantéiert Loun-Erhéijunge vir: 2026 an 2027 solle jeeweils 100 Euro brutto pro Mount dobäikommen. Fir 2028 ass eng Erhéijung vun 1% vum Brutto-Loun pro Mount annoncéiert.
Weider soll eng nei Loun-Strategie agefouert ginn, déi “méi gerecht a méi transparent“ wier. Donieft sollen déi “nei extraordinär Congéen” an den Accord integréiert ginn, fir déi sozial Rechter vun de Salariéeë weider ze stäerken.