Vun elo unOch Restauranten a Caféen däerfen nees bannen zerwéieren

RTL Lëtzebuerg
Vun dësem Freideg u spillt déi nächste Phas vum Deconfinement an hirem vollen Ausmooss.
© RTL-Archiv

Zanter e Mëttwoch sinn d’Terrassen am Horesca-Secteur jo schonn op. Vun dësem Freideg un däerf dann och a Restauranten a Caféë bannenan zerwéiert ginn. Natierlech och just do op den Dëscher, déi op d’mannst annerhallwe Meter ausernee musse stoen.

Fräi Nuechte si jo weiderhin net erlaabt, um 00 Auer ass Schluss.

Och am Sport-Beräich gëllt vun dësem Freideg un eng Ouverture. Ënnert den néidegen Hygiènes-Mesuren ass et elo nees méiglech och an enger Hal Sport ze maachen, alles wou den direkte Kontakt tëscht de Leit evitéiert gëtt.

Och d'Fitness-Centeren däerfen nees opmaachen, mat Ausnam vun hire Wellness-Beräicher. Kollektiv-Course sinn erlaabt, sollten awer am beschten dobaussen oder a ganz begrenzter Unzuel ofgehale ginn.

Da ginn et och nei Bestëmmungen bei gréissere Rassemblementer, bei deenen am Viraus fix ass wéi vill Leit kommen, respektiv wou Plaze reservéiert sinn. Hei dierfe mat enger Distanz vun 2 Meter tëscht de Leit an Zukunft méi wéi 20 Leit zesummekommen. Dozou gehéiere virop kulturell Manifestatiounen, Kinoen, Theateren oder Kierchen.

Bei private Rassemblementer bleift et bei de maximal 6 Leit vu bausse bei engem doheem, respektiv 20 Persounen am ëffentleche Raum.

D’Jugendherbergen am Land däerfen dann och nees ophunn.

E Samschdeg maachen dann och d’Baggerweieren zu Rëmerschen nees fir de breede Public op. Maximal 1.000 Leit ginn eragelooss. Et muss een am Virfeld en Entréesticket um Internetsite visitemoselle.lu bestellen a bezuelen. Dat ass vun e Freideg de Mëtteg u méiglech.

Back to Top
CIM LOGO