Ganz Autoe sinn zu Hesper an de Waassermasse verschwonnen. E Freideg huet d'Lag sech e bëssen berouegt. D'Stroosse sinn dréchen an d'Haaptachse konnten erëm fir den Trafic opgemaach ginn. Fir de CGDIS vun Hesper heescht dat lues a lues opootmen.
"Lo si mir just nach am Gaang, zwee Kelleren auszepompelen, méi ass momentan hei net ze maachen. D'Waasser ass vum selwen zeréckgaangen a mir si just nach an eng Déifgarage an ee Keller geruff ginn, fir auszepompelen. Vun eis aus gesinn, wann elo näischt nokënnt, ass hei zu Hesper dat schwieregst iwwerstanen.", esou de Luc Dirckes, de Sektiounschef vum CIS Hesper.
Fir déi betraffen Awunner fänkt d'Aarbecht elo réischt un. Botzen, raumen an aussortéieren, wat net méi ze gebrauchen ass. De Schued ass grouss. Och d'Jugendhaus vun Hesper ass betraff. Hei hu sech Jonker aus anere Jugendhaiser zesummefonnt, fir bei den Opraumaarbechten ze hëllefen.
Zu Miersch ass d'Situatioun eng aner. Wärend et en Donneschdeg drëms goung, Leit ze evakuéieren, war e Freideg d'Aufgab eng ganz aner.
"Elo si mir ganz kloer am gaangen, Kelleren auszepompelen a wierklech systematesch do, wou et Sënn mécht. Et mécht kee Sënn, iergendwou ze pompelen, wou de Keller erëm vollleeft. Mir maachen et elo, wou d'Waasser net méi nodréckt. Do si mir elo gutt am Gaang a mir schaffen do einfach systematesch een Haus nom aneren.", erkläert den Daniel Marques.
En iwwerschwemmte Keller huet och d'Lëtzebuerger Literaturarchiv. Hei leeft nieft der Waasserpompel och eng Rettungsaktioun fir d'Bicher an Dokumenter.
"Et sinn natierlech Saachen naass ginn an déi ginn elo naass erausgeholl an direkt a Frischhaltefolie hei agebonnen. Da gi se gefruer op –18 Grad. Mir hunn eng Firma engagéiert, déi spezialiséiert ass, déi wäert se dréchnen, sou dass hoffentlech do nach ganz ganz vill ze retten ass.", esou d'Nathalie Jacoby, d'Direktesch vum Nationale Literaturarchiv.
Doudeger oder Blesséierter goufen zu Lëtzebuerg bis ewell net gezielt. An awer stinn eng Partie Leit ënner Schock.
"Elo hu mir schonn déi eng oder aner Mammen, déi en Zesummebroch hunn, well se elo hir Garage gesinn. Et ass alles zesummegefall, d'Fënstere si futti. Elo gesinn d'Leit réischt, wat fir e Schued se doheem hunn.", betount de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe.