
De Konsumenteschutz weist sech an engem Communiqué um Freideg de Moie schockéiert iwwert en "onverhältnesméisseg, illusoresch, ondefinéiert an doduerch willkürleche" Gesetzprojet a fuerdert d'Deputéiert an der Chamber op, den Text a senger aktueller Form net unzehuelen, iert et zu klore Verbesserunge kéim.
Wéi och d'CNPD, de Parquet, d'Mënscherechtskommissioun an och den Ethikrot stéiert d'ULC sech besonnesch un der geplangter Zwangshospitaliséierung, iwwert déi Persoune bis zu 6 Wochen zu enger medezinescher Prise en charge gezwonge kéinte ginn. De Konsumenteschutz freet sech hei, wéi de Parquet soll tranchéiere kënnen, ob eng Persoun misst zwangshospitaliséiert ginn, wann de Santésdirekter dat freet.
Der Mënscherechtskonventioun no kéim eng Zwangshospitaliséierung nëmmen als allerlescht Mëttel a Fro, wann all aner Méiglechkeet probéiert gouf - dat wier hei net de Fall, am Projet wieren iwwerhaapt keng Alternative virgesinn, an domat wier d'Mesure net am Aklang mat de Mënscherechter.

Ma och bei der Quarantän stelle sech fir d'ULC beim Gesetzprojet nach Froen: hei wier virgesinn, de Santésdirekter kéint opgrond vu "seriéise Motiver" scho beim Verdacht vun enger Infizéierung eng Quarantän iwwert eng einfach Verfügung ordonéieren. Komplett onkloer wier awer, wat "seriéis Motiver" wieren. Wann eng Persoun sech net Doheem isoléiere kéint, kéint se an eng "appropriéiert" Struktur goen, ma och hei géif net aus dem Text ervirgoen, wat eng "appropriéiert" Struktur wier.
Dobäi kéim, datt d'Leit déi Ordonnancen op elektroneschem Wee solle kréien. De Konsumenteschutz freet sech do, wat dat fir Leit heescht, déi keen Accès zum Internet hätten oder net kéinten domat ëmgoen a wéi zum Beispill eeler Leit a kierzter Zäit un en Affekot solle kommen, wa si sech géint eng Ordonnance wéilte wieren.
D'Mesuren, déi an den Artikele 6 a 7 virgesi sinn, stellen an den Ae vun der ULC eng grouss Gefor fir déi individuell Grondrechter an d'Fräiheete vun de Biergerinnen a Bierger duer.